De Luca De Michele ass Make Up Artist. Hien huet a senger Léier als Coiffer och d'Basis vum Make Up geléiert - mee hie wollt sech dora spezialiséieren. Elo ass hien a groussen Teamen a schminkt professionell Modelen op Fashion Weeks. Als Mann gëtt hien awer och haut nach ëmmer e bësselche komesch gekuckt. Mee säi Beruff kennt keng Geschlechter a keen Alter, seet de Luca De Michele.
Den Heckefräsch ass eng vun 13 Amphibienaarten, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an dat Speziellt un dësem klenge grénge Fräsch ass, datt en déi eenzeg Amphibienaart bei eis ass, déi op Beem an Hecke klamme kann. Viru bësse méi wéi zéng Joer gouf den Heckefräsch nees zu Lëtzebuerg ugesidelt - en huet zu Lëtzebuerg als ausgestuerwe gegollt, well säi Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf. Op Weiden an der Gemeng Useldeng huet hien elo nees ideal Konditiounen a mëttlerweil wunnen hei eng 60 Individuen.