D'Zeen vun der Stand up Comedy ass ëmmer nach relativ männerdominéiert, seet d'Sarah Diederich. Dat wier awer op kee Fall, well Frae manner witzeg wieren. Déi jonk lëtzebuergesch Stand up Comedian wunnt a schafft zu Tübingen an ass zu Stuttgart an der Comedy-Zeen aktiv. Si géif dat awer just als Hobby maachen, wat vill Drock géif eraushuelen.
Wéi all Stand up Comedian géif si all dräi Wochen drun denken opzehalen - an dann awer weidermaachen. Et géif sech och ëmmer nees lounen.
Mam Moler vu Koler Alain Welter trëppele mir duerch säin Heemechtsduerf. Viru sechs Joer huet hie mat sengem Projet "Make Koler Kooler" en Duerf an en Urban Art Musée verwandelt.
Den Alain Welter inspiréiert sech an a vun der Natur, seng Planze sinn detaillgetrei a meeschtens stécht eng ausféierlech Recherche hannendrun. Seng Déieren si vermënschlecht, hunn dacks Kapen oder Pulloveren un - säin Alter Ego (eng kleng Maus) huet dacks Kleeder un, déi den Alain Welter och selwer géif undoen.
Playlëscht vum 23. Abrëll 2023
Selma - Besame Mucho
Khruangbin & Leon Bridges - Chocolate Hills
Andrea Fornari - Stormy Water
Mogli - Alaska
Rogé - Existe Uma Voz
Prince - When Doves Cry
Federico Aubele - Su Melodia
Weyes Blood - Twin Flame
Ananda Grows - Inner Peace
S. Carey - Sunshower
Yo La Tengo - Autumn Sweater
Natas Loves You - Go Or Linger
Bon Iver - For Emma
Famks - Labirinto
Benny Sings - Young Hearts
Kane Brown & Blake Shelton - Different Man
Skillet - Legendary
C'est Karma - Nicole
Sufjan Stevens - Chicago
Boy - Drive Darling
Bill Callahan & Bonnie 'Prince' Billy - Miracles Feat. Ty Segall