arrow_back_ios
SonndesBox
SonndesBox
headphones
34 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

SonndesBox
Gemittlech Kläng a entspaanten Téin: D'SonndesBox ass eng Rees duerch verschidde Joerzéngten, ënnerschiddlech Soundscapes a Genren.

SonndesBox
Bei entspaante Kläng drénke mir zesumme Kaffi. Eng Rees bei verschidde Musekpärelen, duerch ënnerschiddlech Genren an Jorzéngten.

SonndesBox mat Stäreschnäizen
Éier den Owend den Héichpunkt vun de Perseiden ass, loosse mir de Sonndegmueren gemittlech ugoen. Mat Musek, déi gemittlech duerch de Moie begleet.

Soulful Sunday Morning
Vintage Klassiker treffen op Sounds vun haut. Déi schéinst musikalesch Pärele fir Schlofmutzen, Nuetseilen an déi, déi fréi opstinn.

Lazy Sunday Morning Vibes
Eng musekalesch Rees um Sonndemueren mat ville verschiddene Musekpärelen. Roueg an douce Kläng fir gemittlech an den Dag ze starten.

Mam Liiblingsinstrument am Feld Musek maachen
Invitéë sinn d'Geschwëster Martina a Kiko Menichetti, déi zanter hirer Kandheet Musek maachen. D'Naturschützerin Doris Bauer hëlt eis mat op d'Feld.

Vun aarteräiche Wisen an talentéierte Fotografen
D'Landschaftsekologin Claire Wolff hëlt eis mat op eng speziell Wiss an de Sam Flammang erzielt, wisou hie léiwer viru wéi op der Bün steet.

Sech mat engem Buch a schéiner Musek an d'Feld sëtzen
D'Narmina Pasqualoni erzielt iwwer hiert éischt Buch "Schéi komplizéiert". Mat der Naturschützerin Doris Bauer gi mir op d'Sich nom Feldhong.

Mat Konscht an der Natur
De Jacques Schmitz ass Kënschtler an huet a sengen Uelegmolereien vill ze soen. Vun der Escher Gare féiert de Sonndesspadséiergang op de Galgebierg.

Déck schwaarz Kuebe mat rouden Nuesen
D'Laurence Duhr ass Clown-Pädagogin an zaubert Kanner, eelere Leit a Persoune mat Behënnerung e Laachen op d'Gesiicht. Am Spadséiergang begéine mir schwaarze Kueben.

Mat Konscht am Bongert
De fräischaffende Kënschtler Sascha Di Giambattista ass op Besuch. Mat eraus an de Bongert hëlt eis den Agraringenieur Marc Thiel vum SIAS.

Mat der SonndesBox op enger Insel am Pazifik
Mat der Fotografin Lynn Theisen maache mir eng Téizeremonie an d'Simone Wohl weist eis am Sonndesspadséiergang hir "Coups de Coeur" vun der Stad Esch.

Sech mat engem Kannerbuch an de Bongert setzen
D'Educatiounswëssenschaftlerin Dr. Simone Mortini ass de Kapp hanner deem éischte Bookathon zu Lëtzebuerg. Mam Marc Thiel vum SIAS gi mir an de Bongert.

SonndesBox mat Make Up Artisten an Heckefräschen
De Luca De Michele ass Make Up Artist an erzielt iwwer säi villsäitege Beruff. Den Heckefräsch léiere mir um Sonndesspadséiergang kennen.
SonndesBox

Mat Humor duerch dat klengt Dierfche Koler
Mat der Stand up Comedian Sarah Diederich schwätze mir iwwer d'Comedy-Zeen an Däitschland a spadséiere mam Moler vu Koler Alain Welter duerch Koler.

SonndesBox: Mat Sneaker am Fiichtgebitt
Gemittlech Musek an e Sonndesspadséiergang am Fiichtgebitt, begleet vum Naturschützer Max Steinmetz.

Drauwejus an däitsche Rap um Moiesdësch
De Brebo kënnt Kaffi drénken an erzielt iwwer säi Weekend a säin neien Album. Zu Manternach kënne Kanner hiren eegenen Drauwejus maachen.

Mat Jazz duerch d'Industriezon
Den Jazz-Trompettist Daniel Migliosi erzielt iwwer säi Weekend a seng Projeten. Am Sonndesspadséiergang gi mir duerch d'Industriezon um Wandhaff.

SonndesBox
E gemittleche Kaffi bei beschter Musek, interessante Personnagen an engem Sonndesspadséiergsang an der Natur.
- 1
- 2