Am November dëst Joer ass deen éischte Bookathon zu Lëtzebuerg. Bannent 24 Stonne sollen 30 Jugendlecher an Zesummenaarbecht zéng Kannerbicher produzéieren, vun der Geschicht, iwwer d'Illustratioun an den Design vum Buchcover. D'Dr. Simone Mortini ass de Kapp hanner dësem Evenement. Inspiréiert huet si sech um Book Dash aus Südafrika.
Wisou sinn d'Bongerten ëmmer méi aus der Landschaft verschwonnen, a wéi kann Naturschutz a Landwirtschaft zesumme funktionéieren? Dat erkläert de Marc Thiel vum SIAS am Sonndesspadséiergang.