Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lump - Animal

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Métissages

Métissages

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Singer-Songwriter Idrissa Soumaoro léist op sengem neien Album “Diré” Reflexiounen iwwer de Fridden erkléngen an huet Hoffnung, datt d’Mënschen aus dem Mali nees zesummefannen.
De psychedelesche Rock aus Zambia, och nach Zamnrock genannt, léisst eng catchy Fusioun vun afrikanesche Perkussiounen, groovy Basslinnen a muskléierte Gittaren erkléngen.
Net jiddweree wot sech un den Hendrix erun, den hawaiianesche Komponist an Ukulele-Virtuos Jake Shimabukuro schéngt do keng Beréierungsängschten ze hunn.
Zwee Artisten aus Australien sinn dës Kéier derbäi, de Chet Faker an d’Tash Sultana, déi allebéid dee vun der Sonn genierten easy Way of Life erklénge loossen.
Deen aussergewéinleche Gittarist Dizzy Mandjeku aus dem Kongo huet den Album “De Palenque À Matongé” zesumme mam afrokolumbianesche Quintet Alé Kuma agespillt, eng schéi Renconter tëschent de Kulturen. Stëmm, elektresche Bass a Charango, den Trio Yodi trëfft direkt an d’Häerz!
Muito Kaballa, dat war am Ufank de Projet vun enger eenzelner Persoun, dem Niklas Mündemann, dësen huet sech séier zu engem néngkäppege Power-Ensembel entwéckelt.

Playlist:
1. Idrissa Soumaoro - N’den Tedi - Diré
2. Witch - Waile -Waile
3. Obongjayar - Soldier Ant - Which Way is Forward?
4. Jake Shimabukuro - If 6 Was 9 - The Greatest Day
5. Chet Faker - No Diggity - Thinking in Textures
6. Tash Sultana - Jungle - Notion
7. Misia - Ausência - Pura Vida (Banda Sonora)
8. Dizzy Mandjeku & Alé Kumá - Tengo Un Dolor - De Palenque À Matongé
9. AKA Trio - Saudade - JOY
10. Yodi - Mariposa - Mariposa
11. Muito Kaballa - Luna (feat. Reinel Bakole) - Like a River

Musek
Rock a Pop

Episoden

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

0 min

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en
headphones

0 min

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

0 min

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

0 min

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

0 min

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.
headphones

0 min

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow

headphones

0 min

NJP Festival

Vereenzelt Artiste vum Festival Nancy Jazz Pulsations sinn ze héieren, dorënner confirméiert Artisten an och interessant Decouverten!
headphones

56 min

play_arrow