arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 103 Joer ass Lëtzebuerg dem Vëlkerbond bäigetrueden
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
De Vëlkerbond, oder op Franséisch d‘Société des Nations, war déi éischt grouss international Organisatioun, déi 1920 gegrënnt gouf a sollt duerch Diplomatie a Verstännegung tëschent de Länner all Zort vu Krich verhënneren. Mëtt der 1930er Joren hat d‘Organisatioun mat 58 Länner déi meescht Memberen. Mee well Länner wéi Däitschland, Japan, Italien, Spuenien an aner Länner Enn den 30er Joren aus der Organisatioun ausgetruede sinn, konnt de Vëlkerbond den Zweete Weltkrich net verhënneren.
Politik a Gesellschaft