Radioen

On air

Nei Musek  |  80. Gebuertsdag

play_arrow Live
arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ Haut ass Welt Vëlo Dag

Haut ass Welt Vëlo Dag

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Den 3te Juni steet awer och fir de Weltdag vum Vëlo.

De World Bicycle Day, och nach Dag vum Vëlo oder Europäeschen Dag vum Vëlo genannt, gëtt a villen EU-Länner gefeiert. D'Journée ass den 12. Abrëll 1998 vun de Vereenten Natiounen agefouert ginn, als en offiziellen UN Dag fir d'Bewosstsinn fir déi gesellschaftlech Virdeeler vum Vëlo ervirzesträichen.

Mam Weltdag sollt op d'Bedeitung vum Vëlo fir d'Gesondheet, der Liewensqualitéit an de Stied an dem Benefice fir d'Klima higewise ginn. Doropper huet de Chef vun der Europäescher Cycliste Federatioun, Bernhard Ensink, déi gesellschaftlech, ekologesch an ekonomesch Virdeeler vum Vëlo ënnerstrach an huet betount dass d'UN Deklaratioun eng Unerkennung fir e Bäitrag zu de 17 UN Ziler fir nohalteg Entwécklung gehéiert.

De Vëlo deen ëmweltfrëndlech, gesond a sozial ass, huet den Ament ee Boom. Bedéngt duerch d'Energie Präisser déi klammen, der Ëmwelt zur Léift, enger anerer Liewensqualitéit, benotzen ëmmer méi Persounen de Vëlo als Haapttransportmëttel. Nieft Foussgänger, Autoen, Trottinette gëllen deemno och um Vëlo streng Reegele fir sécher vun A op B ze kommen.

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no, gehéiert Vëlo fueren zu den Aktivitéiten déi d'Fitness begënschtegen, genee sou wéi zum Beispill trëppelen. De Weltdag vum Vëlo ass awer och d'Geleeënheet fir Verbänn a Vëlos Communautéite fir op d'Belaaschtung vum Verkéier an de néidege Mesuren hinzeweisen. Zum Beispill organiséiert d'ASBL Provelo, de nächste Samschdeg den 10. Juni d'Manifestatioun ''Safe Cycling Now''. D'Iddie baséiert op dem Wonsch, dass jiddereen dee Loscht huet Vëlo ze fueren, dëst ënnert de beschtméiglechsten a sécherste Konditioune soll maache kënnen. Dofir ass et Provelo wichteg, deen Dag eng grouss Masse vu Cyclisten zesummen op de Vëlo ze kréie fir dëser Visioun no baussen Ausdrock ze ginn.

Dat ass dann d'nächst Woch, mee haut ass de Weltdag vum Vëlo.

A vergiesst net um Vëlo gëllen déi nämmlecht Reegelen aus dem Code de la Route, wéi fir all aner Verkéiersmëttel.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Virun 155 Joer stierft de Jean-Baptiste Brasseur

Lëtzebuerger Mathematiker
headphones

2 min

play_arrow
Generatiounen: Visitt Bëschkierfecht

Generatiounen: Visitt Bëschkierfecht

Wéi verleeft e Bësch-Begriefnes?
headphones

3 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Yayla Çorbası, eng vegan Jugurtszopp

De veganen Tipp mam Marie: Yayla Çorbası, eng vegan Jugurtszopp

Beléift an der Tierkei, gëtt se mat verschiddene Kraider, Räis a Pois-chichë gekacht.
headphones

3 min

play_arrow

89 Joer fir de Fernand Franck

Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
headphones

2 min

play_arrow
Generatiounen: Den Digibus ass nees ënnerwee

Generatiounen: Den Digibus ass nees ënnerwee

Vu Mee bis September geet et nees queesch duerch d'Land.
headphones

2 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Schockela-Banann-Hieselnoss-Smoothie

De veganen Tipp mam Marie: Schockela-Banann-Hieselnoss-Smoothie

Ganz séier gemaach, an en ideale klenge séisse Snack fir d'Kaffispaus oder als Dessert.
headphones

1 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: De Guckuck

Iwwer Bierg an Dall: De Guckuck

Cuculus canorus: Hie bréngt Gléck, gëtt gesot
headphones

2 min

play_arrow

Viru 77 Joer stierft de Gaston Diderich

Lëtzebuerger Jurist, Politiker a Buergermeeschter
headphones

2 min

play_arrow
Generatiounen: Wat sinn Är Wënsch un d'Politik?

Generatiounen: Wat sinn Är Wënsch un d'Politik?

Opruff an Ëmfro fir Senioren a Seniorinnen am Virfeld vun de Chamberwalen am Oktober zum Theema: Activ aging. Matmaachen dierf jiddwereen, dee méi wéi 60 Joer al ass.
headphones

2 min

play_arrow

De veganen Tipp mam Marie: Spekulatius-Strudelen

Ganz einfach a séier virbereet.
headphones

1 min

play_arrow

Inklusioun a Kultur am Mierscher Kulturhaus

En interessante Programm, dee sech bis an de Juni zitt.
headphones

2 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: Leeëndecker

Iwwer Bierg an Dall: Leeëndecker

Apus apus: Bal ëmmer ëm déi selwecht Zäit ass e bei eis, vum 1. Mee bis den 1. August.
headphones

2 min

play_arrow
Eng musikalesch Rees an d'Berlin vun den 1920er Joren

Eng musikalesch Rees an d'Berlin vun den 1920er Joren

Mat engem Concert, deen iwwerschriwwen ass: Metropolis Berlin. Eine swingende Hommage an Berlins 20er Jahre.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 204 Joer koum de François-Emile Majerus op d'Welt

Lëtzebuerger Minneningenieur
headphones

2 min

play_arrow

Generatiounen: Konferenz fir Senioren: Wikipedia/Digital

Wat ass Wikimedia, Wikidata, Wikimedia-Commons, asw.?
headphones

3 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Börek mat Spinatfëllung

De veganen Tipp mam Marie: Börek mat Spinatfëllung

Knuspreg a perfekt als Fingerfood
headphones

5 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: Schaarschtechschmuewel

Iwwer Bierg an Dall: Schaarschtechschmuewel

Hirundo rustica: D'Insektefresser, déi d'Fréijoer matbréngen.
headphones

0 min

Virun 90 Joer koum de Charles Sowa op d'Welt

Lëtzebuerger Sportler, Spezialist am athleetesche Goen
headphones

2 min

play_arrow
Generatiounen: Fantasiereese fir ze entspanen

Generatiounen: Fantasiereese fir ze entspanen

Fantasiereesen, och nach als Dram oder Märcheress bekannt
headphones

3 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Pistasche-Kuch

De veganen Tipp mam Marie: Pistasche-Kuch

E ganz liichte Kuch, ganz mëll
headphones

0 min