Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat wierklech geschitt ass - Eng Rekonstruktioun

Affär Traversini

Wat wierklech geschitt ass - Eng Rekonstruktioun

De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an als Deputéierten zeréckgetrueden. Wéi koum et dozou, wat ass wierklech geschitt? Eng Rekonstruktioun vun der radio 100,7-Redaktioun.

auto_stories

16 min

19. Februar 2018

De Roberto Traversini ënnerschreift eleng eng Commande bei enger Baufirma, déi de Bungalow, deen hien am November vum Roger Quaino ierft, un den Ofwaasserreaseau uschléisse soll.

1. Mäerz 2018

De Roberto Traversini ënnerschreift eleng eng Commande bei CREOS, fir de Bungalow un de Stroumreseau unzeschléissen.

17. Abrëll 2018

D'Schäffin d'Laura Pregno (déi gréng) ënnerschreift en éischte Mandat de paiement vu 58.500 Euro. Dat ass eng éischt Rechnung vun der Baufirma vum 30. Mäerz 2018 . De Gemengesekretär ënnerschreift dat Mandat och. Am Mandat de paiement sinn dës Aarbechten als "Reprofilage de certaines rues sur le territoire de la ville" gekennzeechent.

26. Juni 2018

De Schäffen Tom Ulveling (CSV) ënnerschreift en zweete Mandat de paiement vun 69.412,59 Euro: Zwou Rechnungen vun der Baufirma vum 13. Juni. De Gemengesekretär ënnerschreift de Mandat och.

10. Oktober 2018

De Roberto Traversini kritt vum zoustännege Bezierksgeriicht d'Curatelle iwwer de Roger Quiano zougesprach, véier Deeg virun deem sengem Doud. Déi zwee waren iwwer 20 Joer laang ganz enk befrënnt, esou de Roberto Traversini.

9. November 2018

De Roberto Traversini ierft vum Roger Quaino e Grondstéck an der Route de Pétange. Et besteet aus zwou Kadasterparzellen: mat engem Bungalow (1870/7358) an engem Gardenhaus (1872/7534).

Tëschent September 2018 a Februar 2019

De Roberto Traversini léisst de Bungalow opmoossen a Pläng zeechnen, vun engem Stagiaire, dee fir d'Gemeng schafft. Op de Pläng steet, Maître d'ouvrage wier d'Gemeng Déifferdeng.

19. Juni 2019

Den Déifferdenger Gemengerot presentéiert den neie Bebauungsplang vun der Gemeng (PAG) a schéckt en an d'Prozedur. Am PAG ass virgesinn (Partie graphique), de Bungalow vum Roberto Traversini aus der Klenggärtnerzon an de Bauperimeter opzehuelen; d'Parzelle vun anere Proprietäre ronderëm sollen net ëmklasséiert ginn. De Roberto Traversini hëlt un dësem Vott Deel.

Ufank Juli 2019

De Roberto Traversini fänkt eegenen Aussoen no u mat Renovatiounsaarbechten um Gaardenhaus.

8. Juli 2019

Dem Ministère no stellt de Fierschter op der Plaz fest, datt de Roberto Traversini keng Autorisatioun huet fir Aarbechten um Gaardenhaus a seet him, hie misst d'Aarbechte stoppen.

9. Juli 2019

De Roberto Traversini freet eng Geneemegung u beim Ëmweltministère. An der "description précise" steet: "Mise en place d'un bardage sur l'abri de jardin existant".

17. Juli 2019

De méiglechen Interessekonflikt gëtt fir d'éischte Kéier ëffentlech thematiséiert: De Gary Diederich (déi Lénk) stellt am Gemengerot Froen iwwer d'Ëmklasséierung vun der Parzell am neie PAG. De Roberto Traversini freet de Huis clos.

18. Juli 2019

Den Aussoe vum Ministère no, gëtt d'Demande vum Roberto Traversini fir eng Autorisatioun um Ministère encodéiert.

19. Juli 2019

Dräi Mataarbechter vum Service mines vum CIGL sträichen d'Gelänner vum Bungalow frësch un, ouni datt dofir bezuelt gëtt. Dat gëtt de Robert Traversini beim CIGL-Verwaltungsrot den 18. September zou.

25. Juli 2019

Éischt Thematiséierung an der Press: D'Internetplattform Reporter publizéiert en Artikel iwwer d'Ëmklasséierung an iwwer e méiglechen Interessekonflikt vum Roberto Traversini am Zesummenhang mat der Ëmklasséierung vun engem Deel vum geierfte Grondstéck.

29. Juli 2019: De François Meisch, DP-Gemengerot zu Déifferdeng schreift dem Chef d'arrondisement um 14:38. Hien freet, ob d'Natur- a Bëschverwaltung fir d'Aarbechten um Haus an um Schapp eng Autorisatioun ausgestallt huet. (D'Kopie vun der Mail läit der Redaktioun fir.)

29. Juli 2019

Dem Ministère no kritt de Fierschter d'Demande a schreift de selwechten Dag säin Avis. Well et Conservatiounsaarbechte vun enger existenter Constructioun an der Zone Verte wieren, recommandéiert hien dem Ministère eng Autorisatioun auszestelle fir: eng Fassad aus Holz, dräi Fënsteren an en neien Daach. Eng véiert Ëffnung fir eng Fënster, déi de Roberto Traversini bäibaue wollt, misst nees zougemauert ginn.

29. Juli 2019

Dem Ministère no ralliéiert den Arrondissements-Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung sech dem Avis vum Fierschter (op informateschem Wee). Hie gëtt um 16:51 säin Accord per Mail ("Fir mech ass dat esou ok."), sechs Minutten, nodeems de Fierschter him den Avis geschéckt huet.

2. August 2019

Och d'Tageblatt thematiséiert den Interessekonflikt: "Das besagte Haus und ein Schuppen (...) wurden in den 70er Jahren ganz legal gebaut. (...)". De Roberto Traversini gëtt zitéiert: "Lange Zeit hatte ich die Vormundschaft für die früheren Bewohner und das Testament wurde vor vielen Jahren festgelegt." D'Tageblatt schreift: "Wie Traversini erklärte, wurden bisher nur Reparaturarbeiten im Inneren des Hauses durchgeführt. Alle Arbeiten seien regelkonform durchgeführt worden. Auch für die Arbeiten am Schuppen seien die nötigen Genehmigungen des Umweltministeriums vorhanden."

12. August 2019: D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg ënnerschreift d'Autorisatioun. Do dra steet:

"Les Travaux seront effectués conformément à la demande soumise à savoir:

  • - la mise en place d'un bardage en bois de douglas sur les quatre côtés de l'abri. (...)
  • - le remplacement de trois fenêtres existantes. Une quatrième fenêtre sur le côté sud de l'abri sera fermée à l'aide de briques ;
  • - le remplacement de l'ancienne toiture ayant des problèmes d'étanchéité (...).

12. August 2019

Dräi Oppositiounsconseillere vun der Gemeng Déifferdeng maache bei der Natur- a Bëschverwaltung eng Plainte administrative, well de Roberto Traversini verschidden Aarbechten um Bungalow an um Gaardenhaus, sou wéi um Terrain ronderë ouni Autorisatioun maache gelooss hätt.

14. August 2019

De Chef d'arrondissement ass aus der Vakanz erëm a stempelt den Avis vum Fierschter iwwer d'Demande um Pabeier of, esou d'Erklärung op der Pressekonferenz den 30. September.

28. August 2019

De Roberto Traversini gëtt vun der Entité mobile vun der Naturverwaltung gehéiert. Dat well Vertrieder vun der Oppositioun administrativ Plaintë gemaach hätten.

3. September 2019

Den DP-Conseiller François Meisch an de Conseiller vun déi Lénk, Gary Diederich, schreiwen e Bréif un de Verwaltungsrot vum CIGL, fir no den Aarbechten ze froen op de Proprietéite vum Roberto Traversini an der Route de Pétange.

11. September 2019

DP an déi Lénk vun Déifferdeng fuerderen de Récktrëtt vum Roberto Traversini. Si werfen him vir, Aarbechten um Bungalow an um Gaardenhaus ouni déi néideg Geneemegunge maache gelooss ze hunn. An och ouni Geneemegunge Beem ëmgemaach a Buedem ausgehuewen ze hunn. Déi Aarbechten wieren zum Deel vun der lokaler Beschäftegungsinitiativ CIGL gemaach ginn. [Tageblatt; Wort]

13. September 2019

D'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land schreift:

"Die Gebäude sind alle in einem schlechten Zustand, man muss da investieren. (...) Doch schon vor dieser Gemeinderatssitzung hatte Roberto Traversini an Gartenhaus und Umgebung arbeiten lassen. (...) 'Das ist ein roher Ziegelbau, ich möchte an die Außenwand eine Holzverkleidung anlegen lassen.' Zum Teil ist die Verkleidung schon zu sehen. Bis Anfang Juli sei gearbeitet worden, sagt Roberto Traversini. 'Dann machten mich der ehemalige und der derzeitige Förster darauf aufmerksam, dass ich ohne Genehmigung in einem Naturschutzgebiet arbeite. Mir war das nicht bewusst. Wir stoppten die Arbeiten daraufhin sofort.

Am 9. Juli habe ich beim Umweltministerium einen Antrag auf die Genehmigung gestellt. Am 12. August erhielt ich sie. Ich wurde dabei nicht bevorzugt behandelt, falls das jemand behaupten sollte, sondern wie jeder andere Antragsteller auch. (...)Böse sei er auch dem Tageblatt-Journalist nicht, der am 2. August geschrieben hatte, Traversini habe erklärt, er verfüge über 'die nötigen Genehmigungen des Umweltministeriums'. Auch über die für den 'Schuppen'. (...) Dem Land erklärte Traversini am Montag, 'ich habe das nicht gesagt. Ich habe gesagt, dass ich die Genehmigungen beantragt habe. (...)"

16. September 2019

Den Affekot Georges Krieger mécht am Numm vun enger Firma, déi net wäit vum Bungalow a Gaardenhaus eng Proprietéit huet, e Recours en annulation géint d'Autorisatioun vum Ministère.

17. September 2019

Den DP-Conseiller François Meisch mécht beim Parquet eng Denonciatioun, well de Roberto Traversini ë. a. Gemengeservicer fir sech schaffe gelooss hätt.

18. September 2019

Gemengerotssëtzung: De Roberto Traversini annoncéiert, datt de Vott vum PAG vum 19. Juni 2019 soll den 9. Oktober widderholl ginn.

De Georges Liesch, Bauschäffen (déi gréng) erkläert, fir d'Haaptgebai géif et eng Autorisatioun gi vum 17.11.1961, Nummer 6066, ënnerschriwwen vum Buergermeeschter Pierre Gansen: "Wat d'Gaardenhäischen ubelaangt, do hunn Recherchë bei der Forstverwaltung (...) leider keng Autorisatioun op besotener Parzell fonnt. Mee lo muss een awer wëssen, datt eist Naturschutzgesetz op 1982 zeréckgeet. Laut Zäitzeie kéint ee soen, datt dat gebaut gouf an de 70er mat dem nämmlechte Material vum Garage. Mee dat kënne mir net behaapten, well et dofir keng Tracen a keng Preuven gëtt."

Wat d'Renovéierungen um Haapthaus ugeet, wier "fir d'Erneiere vun Dieren a Fënsteren vu Gemengesäit aus keng Baugeneemegung erfuerdert". (NDLR: Den Dag dono mellt den Inneministère dem Parquet, datt d'Gemeng Baugeneemegungen hätt missen ausstellen).

Hie seet, d'Gaardenhaus géif an enger Natura 2000 Zon stoen. Hie seet net, datt et an der Réserve naturelle Prënzebierg steet, fir déi et en extra Reglement gëtt.

Den DP-Gemengeconseiller François Meisch seet, de Roberto Traversini hätt vu Gemengerservicer eng Levée, also eng Opmooss vum Bungalow an der Route de Pétange maachen gelooss a vum Haus, an deem de Buergermeeschter wunnt. Hien leet d'Pläng vum Bungalow mam Logo vun der Stad Déifferdeng vir. De Roberto Traversini gëtt zou, datt e Léierbouf déi Pläng gemaach huet. Hien hätt de Chef de Service gefrot, déi Aarbechte maachen ze loossen.

18. September 2019

Nom Gemengerot invitéiert de Roberto Traversini d'Press bei d'Gaardenhaus. Hien erkläert, seng Decisioun fir d'Ierfschaft unzetrieden, hätt hien ufanks Januar 2019 geholl.

Ufank August, wéi hien aus der Vakanz komm ass, hätt hien e Bréif vun der Ëmweltverwaltung gehat, well eng Plainte géif géint hie virleien. Hie misst op Dikrech goe fir Erklärungen ze ginn, firwat hien de Buedem ewech geholl hätt.

Op d'Fro, ob hien och eng Levée vun sengem Privathaus maachen gelooss huet, seet hien: "Dat kann ech mir net virstellen." Op d'Fro, ob d'Pläng vum Bungalow déi eenzeg sinn, déi vun de Gemengeservicer gemaach goufen, seet hien: "Dat ass vun engem Léierbouf, wou eng Léier gemaach ginn ass. An et ass vun deem Haus d'Opzeechnung vun de Grondrësser vun deem Haus an dir hutt dat ganz genee an äre Pläng."

Op d'Fro, ob déi Fënster, déi laut Autorisatioun muss zougemaach ginn, déi grouss Fënster ass, virun där hie steet, äntwert de Roberto Traversini, déi Fënster, déi hien nees misst zoumaache wier eng Fënster vun 20-30 Zentimeter. Déi wier schonn zougemaach. Dat wier eng Entlüftungsluck, iwwer der Luucht, iwwer dem Elektresch. Dat hätt hien eraushuele gelooss, well en et net bräicht. (NDLR: Dëst entsprécht net der Wourecht. Déi Fënsterëffnung, déi laut Autorisatioun nees muss zougemaach ginn, ass déi grouss Ëffnung mat Vue op de Gaart)

Zu den Aarbechten um Bungalow seet hien: "Beim Haus ass jo ganz kloer eraus, datt wann een do Aarbechten mécht, datt een do keng Autorisatioun brauch, net vum Ëmweltministère an och net vun der Gemeng."

18. September 2019

De Verwaltungsrot vum CICGL kënnt beieneen an hält fest: Dräi Aarbechter vum CIGL hu jeeweils véier Stonnen d'Gelänner um Roberto Traversini sengem Bungalow gefléckt an ugestrach. Déi Aarbechte sinn net facturéiert ginn. De Roberto Traversini war net dobäi.

18. September 2019

De Parquet mécht eng Enquête op géint de Roberto Traversini a géint Onbekannt.

19. September 2019:

Als Invité vum Dag um radio 100,7 seet de Roberto Traversini hie wéilt verschidde vu senge Mandater a Syndikater a Veräiner ofginn. Eng kloer Decisioun wéilt hien "zimlech kuerzfristeg" treffen. Hie schléisst net aus, eent vu senge politesche Mandater ofzeginn.

19. September 2019

Och fir d'Aarbechten um Bungalow wier eng Autorisatioun vum Ministère néideg gewiescht, seet dem radio 100,7 de Mike Wagner, Premier Conseiller am Ëmweltministère. Hie berifft sech dobäi op den Artikel 7 (2) vum Naturschutzgesetz.

19. September 2019:

Den Inneministère alertéiert de Parquet iwwer déi feelend kommunal Baugeneemegungen an iwwer d'Levée vum Haus, déi d'Gemengeservicer gemaach hunn. Dat confirméiert den Inneministère dem radio 100,7 den 20. September.

19. September 2019

De radio 100,7 mellt, datt d'Gemengeservicer och d'Haus vun der Liewenspartnerin vum Roberto Traversini opgemooss hunn. De Roberto Traversini seet op Nofro hin, dës Opmoossaarbechte wiere gemaach ginn, well d'Gemeng een Ament wëlles gehat hätt, d'Haus ze kafen.

20. September 2019

De Roberto Traversini trëtt als Buergermeeschter zeréck.

20. September 2019

D'Police Judiciaire mécht Perquisitiounen an der Déifferdenger Gemeng a beim CIGL Déifferdeng.

24. September 2019

Den Affekot Georges Krieger accuséiert d'Carole Dieschbourg am RTL-Interview, den Dossier vun der Demande u sech gerappt ze hunn. Hie werft hir vir, eng illegal Decisioun geholl ze hunn, um Fong an op der Prozedur, wéi si den 12. August d'Autorisatioun ënnerschriwwen huet.

26. September 2019

De Roberto Traversini trëtt als President vum Verwaltungsrot vum CIGL Déifferdeng zeréck.

27. September 2019

De Roberto Traversini mécht beim Environnement eng Demande fir d'Gaardenhaus ofrappen ze loossen, mellt de radio 100,7 den 30. September no der Pressekonferenz vun der Carole Dieschbourg.

29. September 2019

An der Press zirkuléiere Berichter, datt d'CSV en Avis juridique iwwer der Carole Dieschbourg hir Autorisatioun maache gelooss huet.

30. September 2019

D'CSV freet, datt d'Carole Dieschbourg d'Urgence an d'Chamber-Ëmweltkommissioun kënnt, fir Erklärungen zur Autorisatioun ze ginn.

30. September 2019

D'Carole Dieschbourg mécht mat den zoustännege Beamten eng Pressekonferenz fir Erklärungen zur Autorisatiounsprozedur ze ginn. Basis fir d'Autorisatioun wier den Artikel 5 vum Règlement grand-ducal vum 20. November 1991 iwwer Reserve naturelle Prënzebierg. D'Interdicatiounen aus den Artikelen 3 ("toute construction incorporée au sol ou non") a 4 wieren opgehuewen, wann et ëm "mesures prises dans l'intérêt de la conservation de la zone protégée et de sa gestion" geet.

Ausserdeem wier den Artikel 7 vum Naturschutzgesetz vun 2018 Basis fir d'Autorisatioun: "Lorsqu'une construction existante située en zone verte compromet le caractère d'un site, le ministre peut ordonner que son aspect extérieur soit modifié de façon qu'elle s'harmonise avec le milieu environnant."

D'Ministerin Carole Dieschbourg erkläert, datt si eng fäerdeg preparéiert Autorisatioun op d'Pult krut huet, an déi sech dem Avis vum Fierschter ugeschloss huet. Et géif ënnerschiddlech Interpretatiounen vun der Gesetzeslag. Well e Recours um Tribunal administratif virläit, wier et um Verwaltungsgeriicht ze klären, wéi eng richteg ass.

De Chef d'arrondissement vum Bezierk Süden erkläert, just de Fierschter an hien hätten den Dossier vum Roberto Traversini senger Autorisatiounsdemande instruéiert. Et hätt kee Politiker sech agemëscht.

Op d'Fro, ob si mam Roberto Traversini iwwer seng Demande geschwat huet, äntwert d'Carole Dieschbourg, si kéint sech net erënneren "inhaltlech" mat him doriwwer geschwat ze hunn, "also nee".

1. Oktober 2019

Den Afffekot Georges Krieger geheit der Carole Dieschbourg vir, de Roberto Traversini gedeckt ze hunn, well keng Plainte beim Parquet gemaach gi wär. Hien erkläert och: Wann dem Roberto Traversini säin Gaardenhaus ofgerappt gëtt, verfält säi Recours um Verwaltungsgeriicht géint d'Autorisatioun vum 12. August. An datt och säi Recours géint de Vott vum 19. Juni iwwer d'Refonte vum Déifferdenger PAG verfält, wann dee Vott den 9. Oktober annuléiert gëtt.

1. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg gëtt eng éischte Kéier Erklärungen an der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Oppositioun seet, si hätt widderspréchlech Aussoen doriwwer kritt, wat d'Base légale vun der Autorisatioun wier. Et gëtt eng zweet Reunioun festgesat.

1. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg seet, et wéisst een nach net, wéi ee mat der Demande vum Roberto Traversini fir d'Gaardenhaus ofzerappe soll ëmgoen, well d'Affär nach am Gaang wär.

1. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg seet dem radio 100,7 op Nofro, de Roberto Traversini hätt hir gesot, datt hien eng Autorisatioun bräicht, betount awer, si hätt net mat him iwwer den Inhalt vun der Demande geschwat an och net op "politeschem Level".

2. Oktober 2019

De Roberto Traversini demissionéiert aus der Chamber.

2. Oktober 2019

De Parquet mécht Perquisitiounen am Ëmweltministère.

3. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg huet eng zweet Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun.

8. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg huet eng drëtt Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Majoritéit stëmmt dofir, den Debat zou ze maachen.

9. Oktober 2019

Den Déifferdenger Gemengerot soll de Vott iwwer den neie PAG annuléieren an nei ofstëmmen. Déi Ofstëmmungen ginn awer op den 23. Oktober verréckelt, well déi nei Ënnerlagen nach net prett wieren. D'Christiane Brassel-Rausch gëtt vum Gemengerot zur neier Buergermeeschtesch designéiert.

10. Oktober 2019

D'Carole Dieschbourg mécht an der Chamberplenière eng Deklaratioun iwwer d'Affär Gaardenhaus. Si seet, si géif hanner hire Beamten an zu hirer Autorisatioun stoen. De Roberto Traversini wier net bevirdeelegt ginn. Si zitéiert Statistiken, déi weise sollen, datt aner Autorisatioune genee sou séier traitéiert ginn. Den CSV-Deputéierte Michel Wolter, werft hir Lige fir. Hie seet, de Ministère wier de 15. Juli schrëftlech op héchstem Niveau op d'Illegalitéiten op dem Roberto Traversini senge Parzellen higewisen. De Ministère hätt geäntwert a versprach, sech dat unzekucken. Hie leet ausserdeem Fotoe vir, déi weise sollen, datt d'Aarbechten net no der Visitt vum Fierschter den 8.Juli gestoppt goufen, mee dono nach weider gaange sinn. Deene Fotoen no, wier de Buedem direkt ronderëm d'Haus eréischt nom 8. Juli ewech geholl ginn.