arrow_back_ios
Dagdeeglech
66 Joer Benelux
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
De Benelux ass eng wirtschaftspolitesch Associatioun vun der Belsch (BE), Holland (NE) a Lëtzebuerg (LUX). Virbild a Virleefer fir de Benelux war déi belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun vun 1921. D‘Iddi vum Benelux gouf 1944 mat der éischter Konventioun realiséiert, enger Zollunioun tëschent den dräi Länner.
Haut op den Dag (3.2.) viru 66 Joer confirméiert den Traité vun Den Haag d‘Schafung vun der Wirtschaftsunioun, déi den 1. November 1960 a Kraaft getrueden ass.
Politik a Gesellschaft