Wat muss an der Mëtt vum 21. Joerhonnert geléiert ginn? Wéi eng Léierberäicher si wichteg? Wat fir eng Materialie gi fir den Unterrecht gebraucht? Wat fir eng Roll spillt d’Digitalitéit am Kontext vun der zukünfteger Schoul?
Wat gehéiert also, nieft de Stonnepläng an de Progressiounstabellen, zu dem grousse Feld vum Curriculum?
A wat kënnt op d’Léierpersonal am Enseignement Fondamental zou?
Dës Froe gi vun de véier Gäscht am Studio beschwat.
Donieft héiere mir nach weider Stëmmen, déi am Prozess vum Entstoe vum neie Léierplang implizéiert sinn.
Jiddweree ka wärend dem Webinar seng Froe stellen, iwwer d’Whatsapp-Nummer 621 44 00 44, oder iwwer E-mail op d’Adress fro@webinar.lu.
Live-Emissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu
Et diskutéieren:
Francine Vanolst, Chef Generaldirektioun EF MENJE
Halldor Halldorson, Responsabel fir d’Curriculumsdivisioun am SCRIPT
Joël Mischaux, Regionaldirekter
Luc Weis, Direkter vum SCRIPT