Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit kritescht Denken - déi sougenannte
4 K-Kompetenzen si kruzial fir d'Educatioun am 21te Joerhonnert.
Vun deene geet am Bildungswiesen zanter enger gewësser Zäit riets. Et geet net méi duer de Schüler Wësse bäizebréngen dat si e Liewe laang net méi missten a Fro stellen. Vill méi sollt een d'Schülerinnen a Schüler drop virbereeden an enger Welt Léisungen ze fanne fir Themen a Problematiken déi mer haut nach guer net kennen. Wisou a wat bedeit den Entrepreneurship an der Schoul? Wéi gëtt e gefuerdert an ëmgesat?
Den Entrepreneursgeescht an der Educatioun - doriwwer diskutéieren ech mat menge 4 Invitéeën, Joseph Britz, Stéphanie Damgé, Fabienne Kieffer a John Klemmer.
Vun 2 bis hallwer 4, Moderatioun: Natasha Ehrmann.