E puer Deeg virun der éischter nationaler Schoulfoire, déi vum 2. bis de 4. Mee an der LUXEPO stattfënnt, steet d'Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt.
Experten am Studio spanen e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung. D'Emissioun bitt ausserdeem d'Geleeënheet gewuer ze ginn, wat d'Offer op der Schoulfoire wäert sinn. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analyse vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Theema ze héieren.
Invitéen am Studio sinn:
- de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques; de SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire
- d'Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur
- de Gil Belling, President Worldskills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire
- de Romain Nehs, Chef de service de l'enseignement secondaire am MEN
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer de Website vu radio 100,7.
D'Nolauschterer haten d'Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hir Froen iwwer Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.
D'Participatioun vun Enseignanten um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen hei.