Eng Diagnos, keng Meenung! Wisou eng Fréierkennung wichteg ass, an den ADHS een dat ganzt Liewe laang begleet.
De CDA, de Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen Groussherzogin Maria Teresa, an Zesummenaarbecht mam SCAP, d'Berodungs an Ënnerstëtzungsstell bei Stéierungen vun der Opmierksamkeet, der Warnehmung an der psychomotorescher Entwécklung, hunn eng Sensibiliséierungscampagne iwwer dëst Theema lancéiert. De ganze Mount Oktober scho ginn an deem Kontext Konferenzen, Formatiounen Austauschtreffen a Workshoppen organiséiert.
ADHS, oder TDA/H op Franséisch, ass wat mir nennen Opmierksamkeetsdefizit/Hyperaktivitéitsstéierung. ADHS ass eng neurologesch Entwécklungsstéierung, déi sech duerch Onopmierksamkeet, Impulsivitéit an Hyperaktivitéit charakteriséiert. Dës gëtt diagnostizéiert an ass an den internationale Klassifikatiounen als spezifesche Besoin, als Trouble definéiert. Fir ADHS kënnen ze diagnostizéiere brauch et vill Partner aus dem medezineschen, schouleschen a psycho-soziale Milieu.
An Zesummenaarbecht mam Script