Och wa mir nach net genee wëssen, wéi d'Gesellschaft vu muer wäert ausgesinn, ass et ganz kloer, dass digital Kompetenzen néideg sinn, fir voll dorun Deel huelen ze kënnen. D'Entwécklung vun deene Kompetenzen ass mat eng virrangeg Missioun vun der Schoul vum 21. Joerhonnert ginn. Woubäi et net just dorëms geet, déi technesch Fäegkeeten ze vermëttelen, mee d'Schüler*innen och bei der Festegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden.
An deem Sënn gëtt bei der Rentrée 2021/2022 dat neit Fach "Sciences Numériques" an de Programm vun den ënneschte Secondaires-Klassen integréiert. Wat d'Iwwerleeung hannendrun ass, wie betraff ass a wéi "Sciences Numériques" enseignéiert gëtt, dorobber ginn an engem Webinaire vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 Expert*innen an, déi um Ausschaffen um Fach bedeelegt sinn.
Am Studio sinn: d'Claire Flammang, Professer am Lycée Aline Mayrisch a Coordinatrice vun der Aarbechtsgrupp fir d'Fach "Sciences numériques", d'Deborah Plein, Responsabel fir d'Kommunikatioun bei BEE SECURE, d'Jennifer Breithoff vum "Centre pour le développement socio-émotionnel" an de Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers. Analysen vun enger Rei Expert*innen sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.
Dëse Webinaire geet den 18. Mee 2021 vu 14.30 bis 16.00 iwwer d'Antenne a gëtt och am Livestream iwwerdroen. De Livestream fänkt um 14 Auer un.
Jiddwereen, dee nolauschtert, kann seng Froen iwwer d'Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp um 621 440044 stellen.
D'Participatioun vun Enseignanten um Webinaire gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. D'Aschreiwung a méi Informatiounen fannt Dir hei: https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=273270
An Zesummenaarbecht mam Script