Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

100komma7.lu / Webinar

/ Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

headphones

86 min

Lauschteren play_arrow

De Webinar gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) organiséiert an och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.

Et ginn Theemen, iwwer déi ze schwätzen et de Mënschen net einfach fält. Doud, Krankheet oder zum Beispill Gewalt awer onausgeschwat am Raum stoen ze loosse vergréissert meeschtens den Theema, deen als tabuiséiert gëllt.

Deet een also gutt drun en Tabu tabu sinn ze loossen? Oder ass et vill méi sënnvoll mam néidegen Taktgefill an dem Alter entspriechend schonn an der Grondschoul iwwer Theemen ze schwätzen, déi net einfach sinn, awer zum Liewe gehéieren?

Wat ass iwwerhaapt haut nach tabu? Ass fir jiddwereen d'Hemmschwell fir e kriddelechen Theema unzeschwätzen déi nämmlecht? Sollt een ëmschreiwen, oder d'Problematik mam Numm nennen? Wéi geet ee mat enger Kris an der Klass ëm? Wann zum Beispill e Schoulmeeschter oder eng Joffer schwéier krank gëtt, oder esouguer stierft? Wann e Kand den Doud vun enger léiwer Persoun muss verschaffen?

Am schoulesche Curriculum stinn dës Theeme wuel um Programm, mee net all Enseignante an Enseignant fillt sech wuel fir doriwwer ze schwätzen.

Wéi ginn ech domat ëm, wann ee vu menge Schüler Affer vu Mobbing, oder sexuellem Mëssbrauch ass? A wéiwäit ass et sënnvoll mat den Elteren zesummenzeschaffen, fir engem Kand, dat mat engem Tabutheema ze kämpfen huet ze hëllefen, oder wéinstens net méi schlëmm ze maachen? Kann een duerch Preventioun Theemen enttabuiséieren, éier se eventuell Realitéit ginn?

Iwwer déi kriddeleg Momenter am Liewe vun engem Kand, a wéi een an der Schoul gutt domat ëmgeet, probéiert dëse Webinar Pisten ze ginn. An der Hëlleflosegkeet, déi ee bei Tabutheeme kann erliewen e bëssen eppes entgéint ze setzen.

Et diskutéiere mat:


Laurence Diederich, Léierin, Member vum KIT, dem Kriseninterventiounsteam vum MENJE a Coordinatrice vun der Schoulekipp vum GSP, dem Groupe de support psychologique
Mary Faltz, Mataarbechterin beim SCRIPT, Initiatrice vum SCRIPT-Projet "ChMenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper"
Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum SCRIPT-Projet "Wat kënnt, dat geet"
David Bettinelli, Regionaldirekter vum Enseignement fondamental Regioun Mamer, ënnerstëtzt Projeten, déi Kanner am Fondamental erméiglechen Tabue besser geréiert ze kréien


Jiddwereen huet d'Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder WhatsApp (621 44 00 44) ze stellen.

Moderatioun: Natasha Ehrmann

Episoden

Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

Äntwerte ginn et op der Schoulfoire an an dëser Diskussioun iwwer d’Theema vun der Orientatioun an d’Méiglechkeete vum Bildungssystem. An Zesummenaarbecht mam Script
headphones

84 min

play_arrow

Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen? An Zesummenaarbecht mam Script
headphones

87 min

play_arrow

Vu Lego bis Robotik - Spilles Léiere fir d’Zukunft

Iwwer d'Entwéckele vun den néidege Kompetenzen an de Wee vum Verstoe vu komplexe Prozesser an der Robotik an an den digitale Wëssenschafte geet rieds am Webinar.
headphones

87 min

play_arrow

Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonker

Wéi ka Participatioun an der formaler an an der informeller Bildung zu Lëtzebuerg, souwuel an wéi baussent der Schoul gefërdert ginn?
headphones

86 min

play_arrow

Alphabetiséierung op Franséisch

"zesumme wuessen!" e Pilotprojet, deen a véier Schoulen ugelaf ass. Firwat ass eng Alphabetiséierung, sou no wéi méiglech un der staarker Sprooch vum Kand, wichteg?
headphones

86 min

play_arrow

Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

An Zesummenaarbecht mam SCRIPT an dem Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) an och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt
headphones

86 min

play_arrow
Den Ëmgang ma AI an der Schoul

Den Ëmgang ma AI an der Schoul

Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwer de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse muss een hunn?
headphones

86 min

play_arrow
Kannerrechter: Participatioun, Schutz a Fërderung

Kannerrechter: Participatioun, Schutz a Fërderung

Eng Live-Diskussioun vum SCRIPT a radio 100,7 mat Experten a Jonken. Diskutéiert mat: fro@webinar.lu; WhatsApp-Message 621 44 00 44.
headphones

108 min

play_arrow

Den Entrepreneursgeescht an der Educatioun

Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denken - den Entrepreneursgeescht an der Educatioun.
headphones

0 min

Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Iwwer d'Méiglechkeeten, déi et fir en Unterrecht ausserhalb vum Klassesall ginn a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen.
headphones

91 min

play_arrow

Orientatioun an der Educatioun

Déi éischt national Schoulfoire ass vum 2.-4.5. Experte spanen am Virfeld e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung.
headphones

0 min

D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

Traditionell geschitt d'Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch: heirëm stelle sech awer vill Froen, déi am Mëttelpunkt vun dësem Webinar stinn.
headphones

90 min

play_arrow
Museksunterrecht am Enseignement

Museksunterrecht am Enseignement

D'Reform vum Museksunterrecht soll fir d'Rentrée 2022 gräifen an eng vun den Haaptnouvellen ass, datt den Enseignement musical vun deem Ament u fir Kanner gratis gëtt.
headphones

91 min

play_arrow

ADHS

Eng Diagnos, keng Meenung! Wisou eng Fréierkennung wichteg ass, an den ADHS een dat ganzt Liewe laang begleet.
headphones

0 min

Franséisch an der Schoul

Quasi zanter Lëtzebuerg existéiert, gëtt Franséisch am Schoulsystem enseignéiert. A genee esou laang gëtt d'Sprooch vu villen als schwéier ze léieren an ze schwätzen empfonnt.
headphones

0 min

Digital Sciences

Digital Sciences

Sciences numériques - En neit Fach an de Lycéeë fir déi Jonk
headphones

91 min

play_arrow

Lëtzebuergesch an der Schoul

Opzeechnen, ënner wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a sech mat de Friemsproochen zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt.
headphones

0 min

De Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul

D'Kodéieren gëtt zanter dësem September am Cycle 4 ënnerriicht, a vum nächste Schouljoer u spillt d'Kodéieren eng Roll an alle Cyclen.
headphones

0 min

Generatioun Corona

D'Situatioun vun de Jonken an der Corona-Pandemie steet am Fokus vun engem Webinar, deen de radio 100,7 a Kollaboratioun mam SCRIPT organiséiert.
headphones

0 min

Zeréck an d'Schoul - Kleng Kanner a Kanner mat spezifesche Besoinen

Froe vum Léierpersonal an de Mataarbechter aus de Kompetenzzentere ronderëm gesondheetlech Risiken a Schutzmesuren am Kontext vun der Schoulrentrée de 25. Mee 2020
headphones

0 min