Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

Radioprogramm / Webinar

/ Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

headphones

87 min

Lauschteren play_arrow

Kultur - an dësem Fall den Iwwerbegrëff fir kreativ Schafensberäicher wéi Musek, Danz, Zeechnen, Literatur - soll an der Schoul Kanner vermëttelt ginn a si ureegen, sech fir Kultur ze interesséieren. An der Leeschtungsgesellschaft fält Kultur gär ewech do wou aner Aufgaben als “méi wichteg” ugesi ginn.
Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen?
Ass et de Choix vum Léierpersonal, wat e Schüler a Saache Kultur mat op de Wee kritt an der Grondschoul? An am Lycée, geet et duer, wann een ZWOU Stonnen Education artistique an eng Stonn Musek enseignéiert? Oder misst d’Vermëttele vun ästheetesche Wäerter méi breetgefächert agesat ginn? Wat ass d’Plus-value vun de kreative Schafensprozesser fir Schüler a Schülerinnen? Ginn iwwer Musek, Danz, Literatur an Zeechne respektiv Konschtunterrecht net och Kompetenze gefestegt, déi ee jonke Mënsch am anere Fall vläicht just a senger Fräizäit kultivéiert?
Offere fir Kultur entweder vu baussen an d’Schoulen eranzebrénge ginn et vill. Donieft bidden och vill Acteure baussent der Schoul speziell Programmer fir Kanner a Jugendlecher un. Wouvun hänkt et of, ob Kanner mat Kultur a Beréierung kommen an de Wäert vun der Ästheetik kenneléieren? A wat kann dat beschtefalls bei hinne bewierken?
Wéi kann ee Kanner a spéider Jugendlecher de Wäert vu Kultur nobréngen?
Am Webinar schwätze véier Invitéen iwwer d’Konscht, jonke Mënschen ze weisen, wat hinne Kreativitéit a Schafensprozesser ka bréngen.
Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinar:
- Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée Plomm
- Nadine Erpelding, Conseillère de Gouvernement Kulturministère
- Bob Minette, Musekspedagog, SCRIPT
- Nathalie Moyen, Metteur en scène an Danzpedagogin, SCRIPT
Moderatioun: Natasha Ehrmann

Am Laf vum Gespréich héiere mir och verschidden aner Stëmmen iwwer d’Theema Kultur an der Schoul, a jiddwereen, deen interesséiert ass, ka seng Froe stellen iwwer d’WhatsApp-Nummer 621 44 00 44 oder per Mail op fro@webinar.lu.
D'Gespréich gëtt och live iwwer d'Säit www.100komma7.lu videogestreamt.

Kultur
Politik a Gesellschaft
Edukatioun

Episoden

Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

Äntwerte ginn et op der Schoulfoire an an dëser Diskussioun iwwer d’Theema vun der Orientatioun an d’Méiglechkeete vum Bildungssystem. An Zesummenaarbecht mam Script
headphones

84 min

play_arrow

Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen? An Zesummenaarbecht mam Script
headphones

87 min

play_arrow

Vu Lego bis Robotik - Spilles Léiere fir d’Zukunft

Iwwer d'Entwéckele vun den néidege Kompetenzen an de Wee vum Verstoe vu komplexe Prozesser an der Robotik an an den digitale Wëssenschafte geet rieds am Webinar.
headphones

87 min

play_arrow

Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonker

Wéi ka Participatioun an der formaler an an der informeller Bildung zu Lëtzebuerg, souwuel an wéi baussent der Schoul gefërdert ginn?
headphones

86 min

play_arrow

Alphabetiséierung op Franséisch

"zesumme wuessen!" e Pilotprojet, deen a véier Schoulen ugelaf ass. Firwat ass eng Alphabetiséierung, sou no wéi méiglech un der staarker Sprooch vum Kand, wichteg?
headphones

86 min

play_arrow

Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Theemen an der Grondschoul

An Zesummenaarbecht mam SCRIPT an dem Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) an och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt
headphones

86 min

play_arrow
Den Ëmgang ma AI an der Schoul

Den Ëmgang ma AI an der Schoul

Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwer de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse muss een hunn?
headphones

86 min

play_arrow
Kannerrechter: Participatioun, Schutz a Fërderung

Kannerrechter: Participatioun, Schutz a Fërderung

Eng Live-Diskussioun vum SCRIPT a radio 100,7 mat Experten a Jonken. Diskutéiert mat: fro@webinar.lu; WhatsApp-Message 621 44 00 44.
headphones

108 min

play_arrow

Den Entrepreneursgeescht an der Educatioun

Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denken - den Entrepreneursgeescht an der Educatioun.
headphones

0 min

Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Iwwer d'Méiglechkeeten, déi et fir en Unterrecht ausserhalb vum Klassesall ginn a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen.
headphones

91 min

play_arrow

Orientatioun an der Educatioun

Déi éischt national Schoulfoire ass vum 2.-4.5. Experte spanen am Virfeld e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung.
headphones

0 min

D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

Traditionell geschitt d'Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch: heirëm stelle sech awer vill Froen, déi am Mëttelpunkt vun dësem Webinar stinn.
headphones

90 min

play_arrow
Museksunterrecht am Enseignement

Museksunterrecht am Enseignement

D'Reform vum Museksunterrecht soll fir d'Rentrée 2022 gräifen an eng vun den Haaptnouvellen ass, datt den Enseignement musical vun deem Ament u fir Kanner gratis gëtt.
headphones

91 min

play_arrow

ADHS

Eng Diagnos, keng Meenung! Wisou eng Fréierkennung wichteg ass, an den ADHS een dat ganzt Liewe laang begleet.
headphones

0 min

Franséisch an der Schoul

Quasi zanter Lëtzebuerg existéiert, gëtt Franséisch am Schoulsystem enseignéiert. A genee esou laang gëtt d'Sprooch vu villen als schwéier ze léieren an ze schwätzen empfonnt.
headphones

0 min

Digital Sciences

Digital Sciences

Sciences numériques - En neit Fach an de Lycéeë fir déi Jonk
headphones

91 min

play_arrow

Lëtzebuergesch an der Schoul

Opzeechnen, ënner wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a sech mat de Friemsproochen zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt.
headphones

0 min

De Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul

D'Kodéieren gëtt zanter dësem September am Cycle 4 ënnerriicht, a vum nächste Schouljoer u spillt d'Kodéieren eng Roll an alle Cyclen.
headphones

0 min

Generatioun Corona

D'Situatioun vun de Jonken an der Corona-Pandemie steet am Fokus vun engem Webinar, deen de radio 100,7 a Kollaboratioun mam SCRIPT organiséiert.
headphones

0 min

Zeréck an d'Schoul - Kleng Kanner a Kanner mat spezifesche Besoinen

Froe vum Léierpersonal an de Mataarbechter aus de Kompetenzzentere ronderëm gesondheetlech Risiken a Schutzmesuren am Kontext vun der Schoulrentrée de 25. Mee 2020
headphones

0 min