De veganen Tipp mam Marie
Lasagne
5 min
Dauer: 30 Minutte Virbereedung & 45 Minutte Kachen
Fir d’Lasagne brauche mir:
- 4 Zoppeläffelen Olivenueleg
- 500 g planzlechen Hack oder Räuchertofu
- 3 Knuewelekszéiwen, a kleng Stécker geschnidden
- 1 grouss Zwiwwel, a kleng Stécker geschnidden
- 2 Muerten, a kleng Stécker geriwwen
- 2 Poretten, a kleng Stécker geschnidden (alternativ: Zellerie)
- 120 ml roude Wäin, optional
- 400 g Tomatenzooss oder –paste
- 2 Zoppeläffelen italieenesch Gewierzer (z.B. Oregano, Basilikum, Thymian)
- Salz & Peffer fir ofzeschmaachen
- Ronn 12 Lasagneblieder, ouni ze kachen
- Frësche Basilikum a vegane gerappte Kéis fir uewendrop
Fir d’Bechamelszooss brauche mir:
- 30 g planzlech Margarine
- 30 g Miel (z.B. Weessmiel Typ 55)
- 500 ml Sojamëllech oder aner planzlech Mëllech
- Salz a Peffer fir ofzeschmaachen
- E bësse Muskatpudder
- 2 Zoppeläffelen Huewerflacken
Zoubereedung vun der Bolognesezooss:
1. An enger Pan 2 Zoppeläffelen Olivenueleg opwiermen an de planzlechen Hack dobäi ginn, ubroden an op d’Säit stellen
2. An enger anerer Pan 2 Zoppeläffelen d’Zwiwwel-, d’Muerte- an d’Porreesstécker dobäi ginn a fir e puer Minutte broden
3. D’Knueweleksstécker dobäi ginn a fir e puer Minutte weider broden
4. D’Tomatenzooss an d’Gewierzer dobäi ginn a fir 1 Minutt broden
5. De planzlechen Hack an de roude Wäin dobäi ginn
6. Mat Salz a Peffer ofschmaachen
7. D’Zooss fir ronn 15 Minutte mat engem Deckel op der Pan opkache loossen, bis et eng déckflësseg Zooss gëtt
Zoubereedung vun der Bechamelszooss:
1. An enger Pan d’planzlech Margarine schmëlze loossen
2. D’Miel dobäi ginn a fir eng Minutt opkachen an dauernd réieren
3. Weider réieren a lues a lues déi planzlech Mëllech dobäi schëdden, kache loosse bis d’Zooss déckflësseg ass
4. Mat Salz, Peffer, Muskatpudder an Huewerflacken ofschmaache
5. Op d’Säit stellen
Zoubereedung vun der Lasagne:
1. De Schäffchen op 200 Grad Celsius opwiermen
2. E bëssen Olivenueleg an eng rechteckeg Bakform pinselen
3. Eng dënn Schicht Bolognese-Zooss dra ginn
4. Jeeweils eng Schicht Lasagneblieder, eng Couche Bolognesezooss an eng Schicht Bechamelszooss dobäi ginn
5. Zum Schluss eng grouss Schicht Bechamelszooss dobäi ginn
6. Vegane gerappte Kéis fir déi lescht Schicht uewen drop streeën (optional)
7. Fir ronn 45 Minutte baken
8. E bëssen ofkille loossen an eventuell mat frëschem Basilikum dekoréieren
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Mandel-Kokosnoss Kichelcher fir Chrëschtdag
Einfach Kichelcher, mat manner Zocker
Gebäck fir d'Feierdeeg
Brownies, passen och gudd elo fir d'Feierdeeg
E fluffegen Dessert mat Schockela
Karbrout
Bausse knuspreg, banne mëll
Zopp mat Porretten a Gromperen
Eng waarm Zopp, perfekt fir déi méi kal Deeg
Quiche mat Porretten a gereechertem Tofu
En idealt Rezept fir den Hierscht mat saisonalem Geméis
Zopp mat Tomaten aus dem Schäffchen
Ee Klassiker ënner den Zoppen, awer geréischtert
Brout mat séissem Kürbis Geschmaach
"Pumpkin Bread" - e Brout mat ville Gewierzer
Äppel-Kanéil Panescher
Perfekt fir de Brunch am Hierscht
Pumpkin Spice Smoothie
E Smoothie fir den Hierscht
Pumpkin Spice Cookies
Séiss Kichelcher mat Kürbis-Geschmaach
Kichelcher mat Lavendel an Zitroun
Perfekt fir bei den Téi oder de Kaffi
Cannelloni mat veganem Spinat-Ricotta
E perfekt Rezept fir den Ufank vum Hierscht
Pesto-Nuddele mat Pistasch-Zooss
Pesto mat dem gewëssen Extra
- 1
- 2