De veganen Tipp mam Marie
Gebäck fir d'Feierdeeg
4 min
Zocker Chrëschtkichelcher
Ronn 25 Kichelcher
Dauer: 20 Minutten an 30 Minutten am Frigo
Fir den dréchenen Deeg brauche mir:
195 g Miel (Typ 55)
½ Kaffisläffel Backpulver
E bësse Salz
Fir de flëssegen Deeg brauche mir:
120 g vegan Margarine (mëll, net geschmolt)
110 g Zocker
1 Zoppeläffel vegane Jughurt (am beschten Natur-Jughurt)
1 Kaffisläffel Vanillsextrakt- oder -pudder
Fir d'Zockerglasur brauche mir:
380 g Pudderzocker
3 Zoppeläffel Mëllech (am beschte Soja- oder Mandelmëllech)
1 Zoppeläffel Sirop (z. B. Ahornsirop)
Chrëscht-Dekoratioun aus Zocker
Virbereedung:
Alles fir den dréchenen Deeg an enger Schossel zesumme mixen
An engem Mixer alles fir de flëssegen Deeg fir 5 Minutte op héchster Vitess mixen
Den dréchenen Deegmix bei de flëssege Mix dobäi mëschen a mixen, bis et eng eenzeg Mass gëtt
E bësse Miel op den Dësch leeën an den Deeg domat mat den Hänn knieden
Den Deeg ausrullen a fir 30 Minutten an de Frigo stellen
D'Kichelcher formen an op e Bakblech mat Bakpabeier leeën
D'Kichelcher fir 10 Minutte bei 220 Grad baken
D'Kichelcher ganz ofkille loossen
Fir d'Zockerglasur de Pudderzocker, d'Mëllech an de Sirop an enger Schossel vermëschen
Mat engem Pinsel d'Zockerglasur op d'Kichelcher sträichen
Eventuell nach Chrëschtdekoratioun aus Zocker drop geheien
Kanéil-Chrëschtkichelcher
Ronn 25 Kichelcher
Dauer: 20 Minutten
Mir brauchen:
400 g vegan Margarinn
130 g wäissen Zocker
1 Zoppeläffel Vanillsextrakt
360 g Weessmiel (Type 55)
1 an 1/2 Zoppeläffel Kanéil-Pudder
1 Zoppeläffel Ingwer-Pudder
Virbereedung:
D'Margarinn, den Zocker, de Vanillsextrakt an enger Schossel zesumme mixen (mam Mixer oder engem Kachläffel)
D'Miel dobäi ginn a gutt verréieren
Kanéil an Ingwer dobäi mëschen
Alles gutt knieden a vermëschen, bis een e ronnen Deeg huet (am Mixer oder mat den Hänn)
Den Deeg platt rullen
Mat Forme kleng Kichelcher formen
Op e Bakblech mat Bakpabeier leeën a fir 15 Minutte bei 220 Grad baken
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Pesto mat Muertegréngs
Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
Äppeltaart Smoothie
Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
Lasagne
E Klassiker, veganiséiert
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)
Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
Bouillon mat Pak Choi
Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
Carrot Cake Muffins
E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
Chai Latte
En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
Brioche mat Schockelasstécker
Perfekt fir d'Ouschterzäit
Hieselnoss Smoothie
E gudde Smoothie fir en Energiekick!
Miso Zopp
Eng authentesch japanesch Zopp
Kniddelen
Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta
Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait
E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
Verwuerelter
Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss
Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
Vegan Carbonara
E Pasta-Klassiker, veganiséiert
Vegane French Toast
Perfekt fir ee séisse Brunch!
Pizza
En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
Pho Zopp
Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
Wellington mat Nëss a Champignonen
Perfekt fir d‘Feierdeeg an och nach duerno
- 1
- 2