Dauer: 80 Minutten
Fir ronn 30 Kichelcher
Fir d’Kichelcher brauche mir:
- 150 g Miel (z. B. Typ 55)
- 50 g gemuele Mandelen
- 50 g Kokosraspelen
- 1 Kaffisläffel Vanill-Extrakt
- 50 g Zocker (brongen oder wäissen)
- 125 g planzlech Margarinn (kal)
Fir d’Dekoratioun brauche mir:
- Schockela
- Verschidden Zockerdekoratiounen
- Pudderzocker
Zoubereedung:
1. Fir de Kichelchersdeeg d’Miel, d’gemuele Mandelen, d’Kokosraspelen an den Zocker an enger grousser Schossel vermëschen
2. D’Margarinn dobäi ginn a mat den Hänn zu enger Bull Deeg knieden
3. Fir op d'mannst 30 bis 60 Minutten an de Frigo stellen
4. De Schäffchen op 175 Grad Ober-/Unterhitze opwiermen
5. De gekillten Deegbull op ronn 4 cm Déckt ausrullen
6. D’Kichelcher ausstiechen, oder einfach zu klenge Bulle formen
7. D’Kichelcher nach eemol fir op d'mannst 30 Minutten an de Frigo stellen
8. D’Kichelcher op ee Bakblech mat Bakpabeier leeën a fir ronn 20 Minutte baken, bis se eng gëlle Faarf hunn
9. Aus dem Schäffchen huelen a fir ronn 20 Minutten ofkille loossen
10. Esou genéissen oder dekoréieren
Fir d’Dekoratioun mat Schockela:
1. Schockela am Bain-marie schmëlze loossen
2. Jeeweils e bësse Schockela op ee Läffel ginn an de Schockela lues a lues iwwer d’Kichelcher lafe loossen an dann dekoréieren, oder d’Kichelcher jeeweils hallef an de geschmolte Schockela tauchen an dann dekoréieren
3. Bei Zëmmertemperatur dréchene loossen