Dauer: 15 Minutten Zoubereedung a 15 Minutte Baken
Ronn 10 mëttelgrouss oder 20 kleng Cookies
Mir brauchen:
- 112 g vegan Margarinn
- 100 g wäissen Zocker
- 50 g brongen Zocker
- 1 Kaffisläffel Vanill-Extrakt
- 75 g Kürbis-Purée
- 188 g Weessmiel Typ 550 oder Typ 405
- ½ Kaffisläffel Bakpolver
- ½ Kaffisläffel Natron (Baksoda)
- 1 Kaffisläffel Kanéil
- ¼ Kaffisläffel Muskot Pudder
- ¼ Kaffisläffel Salz
Zoubereedung fir de Kürbis-Purée:
1. Ee mëttelgrousse Kürbis an zwee Deeler schneiden
2. Déi zwee Deeler op Bakpabeier leeën a fir ronn 45 Minutte bei 220 Grad Celsius Ober-/Unterhitze baken, bis e banne mëll ass
3. Dat Bannent vum Kürbis an de Mixer ginn a fir e puer Minutte vermëschen, bis keng Stécker méi dra sinn
4. An engem zouene Behälter an de Frigo stellen, ass bis zu enger Woch laang gutt
Zoubereedung fir d’Cookies:
1. D’Margarinn, de wäissen Zocker an de brongen Zocker an eng Schossel ginn a mam Mixer vermëschen, bis et eng Mass ass
2. De Vanill-Extrakt an de Kürbis Purée dobäi mëschen
3. D’Miel, de Bakpolver, den Natron, de Kanéil, de Muskot an d’Salz dobäi ginn, a mat der Hand (net mam Mixer) fir e puer Minutten zu engem Deeg vermëschen a formen
4. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
5. Jeeweils 2 Zoppeläffelen Deeg a Form vun enger Bull op ee Bakpabeier leeën
6. All Bull mat enger Forschett e bëssen erofdrécken (ronn 1 Zentimeter Déckt)
7. Fir 12 bis 15 Minutte baken
8. Op ee Blech mat Lächer leeën an ofkille loossen