Dauer: 10 Minutten Zoubereedung & 30 Minutte Baken
Fir véier Telleren Zopp brauche mir:
- 8 grouss Tomaten
- 1 grousse roude Paprika
- 1 grousse Knuewelek
- 1 grouss Zwiwwel (am beschte wäiss Zwiwwel)
- 4 Zoppeläffelen Olivenueleg
- 1 Kaffisläffel Salz
- ½ Kaffisläffel schwaarze Peffer
- Optional: Gewierzer wéi Oregano, Thymian, Rosmarin
Zoubereedung:
1. De Schäffchen op 200 Grad Celsius opwiermen
2. All d’Geméis jeeweils an zwee schneiden
3. All Geméis op ee Bakblech mat Bakpabeier leeën
4. Olivenueleg, Salz a Peffer dobäi ginn
5. Optional och aner Gewierzer dobäi ginn
6. Fir ronn 30 Minutten am Schäffche réischteren
7. Fir ronn 10 Minutten ofkille loossen
8. Alles an engem Mixer fir e puer Minutte vermëschen
9. Falls et net waarm genuch ass, nach eemol an engem groussen Dëppen fir e puer Minutte kache loossen