arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 12 Joer verongléckt d'Costa Concordia
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
D’Costa Concordia, dat fréiert Flaggschëff vun der Reederei Costa Crociere aus Italien, ass den 13. Januar 2012 owes géint 10 Auer virun der italieenescher Insel Giglio op Grond gelaf. De Kapitän hat déi virgeschriwwene Streck verlooss fir méi no laanscht d’Insel ze fueren an d’Leit do quasi ze “begréissen”. Vun de 4.200 Mënschen u Bord sollten der 32 d'Ongléck net iwwerliewen. Viru Geriicht gouf de Kapitän Francesco Schettino fir d'Ongléck responsabel gemaach an zu 16 Joer Prisong verurteelt.
Politik a Gesellschaft