arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 144 Joer koum de Jean Schortgen op d'Welt
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer de 17. Februar 1880 zu Téiteng ass de Jean Schortgen 1902 an déi Sozialdemokratesch Partei agetrueden. Hie war 12 Joer Member vun der Parteileedung a gouf 1914 als éischten Aarbechter an d‘Chamber gewielt. De Jean Schortgen ass den 1. Mee 1918 bei engem Accident an der Minière gestuerwen.
Politik a Gesellschaft