Generatiounen
Altersbiller - Wat ass haut d'Bild vum eelere Mënsch?
0 min
Et geet ëm Stereotyppen, ëm Verännerungen, ëm positiv Gedanken a gesond Pensiounsjoren:
D'Bild vum eelere Mënsch huet sech geännert am Laf vun de leschte Joren, mee wat bedeit dat fir d'Gesellschaft? Dacks gëtt an der Altersforschung iwwer Altersbilder geschwat, déi sech am Laf vun der Zäit geännert hunn. Hei schwätze mir iwwer genee dës Altersbiller.
"Mam Alter ass et wéi wann een op e Bierg géif klammen: wat méi héich erop, wat een u Kraaft verléiert, dofir awer méi wäit gesäit".
Rezent Studien hu gewisen, datt Leit tëschent 50 a 70 Joer am glécklechste sinn. An esou positiv Altersbiller mussen ënnerstrach ginn. Den negativen Aspekt an d'Remark vum Al gi soll ee vermeiden, mee sech op dat freeën, wat kënnt.
Invité am Studio ass den Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.