Generatiounen
E falscht Bild, e falsche Lien - 2/2
7 min
Eng gutt opgestallte Fleegeversécherung, gutt Therapieméiglechkeeten an e qualifizéiert Fachpersonal loosse keng esou Mëssstänn opkomme wéi am Ausland.
An enger viregter Emissioun (23.05.2022) hu mir schonn iwwer d'Bestëmmungen an Krittäre vun den Alters- a Fleegeheemer hei am Land geschwat. Wéi a vu wiem dat geréiert gëtt, a wéi déi Kontrolle sinn ...
"Mat esou schockante Berichter kann e falscht Bild, e falsche Lien entstoe vum Beruff an och vun den Etablissementer, déi et esou hei net ginn."
esou den Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter.
Mir hunn dës Reportagë realiséiert, nodeems eng Rei schockant Berichter aus Alters- a Fleegeheemer am Ausland, a Frankräich an och an Däitschland, an de leschte Méint aus vereenzelten Heemer an de Medien ze liesen oder op der Tëlee ze kucke waren. No dëse Berichter hu sech och Leit beim Gero Kompetenzzenter fir den Alter gemellt, fir ze froen, ob hei am Land och esou Fäll bekannt wieren a virun allem wollt ee wëssen, wéi een déi eeler Leit am Heem schütze kann.
Et gouf e kloren Nee vum Alain Brever:
"Eis sinn esou Zoustänn zu Lëtzebuerg net bekannt. Zäitmangel an Iwwerlaaschtung vum Personal féieren an deene genannten Dokumentatiounen zu den Ausléiser vu schlechter Fleeg a Mëssstänn. Mam Lëtzebuerger Fonctionnement mat eiser Fleegeversécherung kann et zu dëse Problemer an esou engem Ausmooss net kommen, ouni datt Bewunner, Personal, Direktioun oder e Member vun der Famill an d'Ëffentlechkeet geet oder awer och Bericht beim Familljeministère mécht."
Am zweeten Deel geet et ëm eng gutt opgestallte Fleegeversécherung hei am Land, gutt Therapieméiglechkeeten an e qualifizéiert Fachpersonal.
"Mir si gutt opgestallt hei am Land: Neie Gesetzesprojet - Kontroll Instanzen - Aarbechtskonditiounen - Eethik - Qualifikatioun vun den Employéeën a Fortbildungen. An eng ganz gutt Fleegeversécherung."
Eng Serie vum Angie Maquil