Generatiounen
Kultura, dat neit interkulturellt Spill vum Gero
6 min
Mënsche vun allen Nationalitéiten zesummebréngen an zum Austausch motivéieren: "Lëtzebuerg a seng Awunner a siwe Kategorië vu Froen"
D'Populatioun zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi divers, an dëst spigelt sech och an alle Beräicher erëm. Och Dir maacht Efforten, fir d'Interkulturalitéit ze liewen, sief duerch geselleg Treffen oder aner Gruppenaktivitéiten.
Dobäi kann et fir d'Organisateure ganz hëllefräich sinn, wann hinne Material zur Verfügung steet, dat d'Gespréicher ureegt. Mat dësem Zil huet GERO ASBL, konventionéiert mam Familljeministère, e Spill ausgeschafft, dat éischt a senger Aart zu Lëtzebuerg.
Bei KULTURA ka jiddwereen iwwer d'Charakteristiken an Traditioune vu sengem Heemechtsland matschwätzen a se mat aneren deelen. Dobäi ka jiddwereen abegraff ginn, egal wat seng Hierkonft, Kultur oder Interessie sinn.
KULTURA besteet aus 88 Kaarten, déi jeeweils no engem typeschen Element vun engem Land, wéi zum Beispill engem traditionellen Menü, engem bekannte Sportler oder engem bedeitende Gebai froen. Op der viischter Säit vun der Kaart stinn dräi méiglech Äntwerte fir Lëtzebuerg an op der Récksäit sti jeeweils dräi méiglech Äntwerten, déi sech op Italien, Portugal, d'Belsch, Däitschland a Frankräich bezéien. D'Zil ass, datt all Participante vun de Gewunnechten an Traditioune vun hirem Heemechtsland erzielen. Op Grond vun de Parallellen an Ënnerscheeder, déi si iwwer déi entspriechend Kulturen entdecken, kommen d'Leit sech an der Diskussioun méi no.
D'Spill gouf zesummegestallt mat ville Benevollen a Partner, déi net nëmme beim Ausschaffe vun de Kaarte gehollef hunn, mee och wärend dem ganze Projet mat hirer aktiver Participatioun ënnerstëtzt hunn. Bei gudder Laun a Convivialitéit goufen d'Froen diskutéiert. D'Resultat war dat, wat ee sech erhofft hat: e liewegen Echange, bei deem jiddweree matschwätzen a säi Bäitrag leeschte kann.
Invitée ass d'Petra Vandenbosch an den Alain Brever vum GERO Kompetenzenter fir den Alter.
Eng Serie vum Angie Maquil