Generatiounen
Sécherheet an Autonomie doheem - 1/3
6 min
Autonom sinn am Alter a Sécherheet am Alter - Fir deem gerecht ze ginn, kann een net alles, awer esou munch Saache virbeugen. Selbststännegkeet kann een an all Alter verléieren.
Den Alain Brever, Direkter vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter erkläert an den nächsten dräi Emissiounen, op wat een oppasse muss, op wéi eng Verännerungen a wéi ee virbeuge ka fir z. B. net ze falen oder fir sech net ze verletzen doheem a fir eben esou laang wéi méiglech am Alter autonom ze bleiwen.
"Verännerunge kënne ganz ënnerschiddlech a stënterlech opdauchen, dofir soll ee mat Zäit op sech a seng Gewunnechten uecht dinn.
Gesond a fit och am Kapp, Uerdnung an e gereegelten Oflaf, spillen eng wichteg Roll.
"Eis fënnef Sënner verännere sech am Laf vun eisem Liewen. Esou sinn d'Vue an och eisen Taaschtsënn wichteg fir doheem sécher duerch den Dag ze kommen."
Déi meescht Moossnamen déi ee selwer doheem kann ëmsetzen, fir nach gutt eens ze ginn, sollen d'Aktivitéiten erliichteren, a punkto Positioun: net ze héich, net ze déif; a Punkto Belaaschtung: net ze schwéier, net ze laang.
Eng Serie vum Angie Maquil