Generatiounen
Sécherheet an Autonomie doheem - 2/3
4 min
Autonom sinn am Alter a Sécherheet am Alter - Fir deem gerecht ze ginn, kann een net alles, awer esou munch Saache virbeugen.
Selbststännegkeet kann een an all Alter verléieren. Den Alain Brever, Direkter vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter erkläert, op wat een oppasse muss, op wéi eng Verännerungen a wéi ee virbeuge kann fir z. B. net ze falen oder fir sech net ze verletzen doheem a fir eben esou laang wéi méiglech am Alter autonom ze bleiwen.
Den Ergotherapeut Alain Brever recommandéiert:
"Uerdnung am Haus ass scho mol ganz wichteg. Een, dee vill muss sichen an kromen, ass och méi schnell midd a fält iwwer eppes, wat en hutt missen ausraumen an onbewosst verluecht hutt. Wann ee vill Plaz huet fir seng Saachen, ass et och besser an ee Schaf ze gräifen an nees eppes zeréck ze stellen. Wichteg ass eng richteg Upak, wéi e fest Gelänner. Wäschmaschinnen, déi am Keller stinn, kéint een iwwerdenken, besser ass et hei eppes um Rez-de-chaussée ze installéieren. Och d'Wäschmaschinn an den Schäffche kënnen zu engem vertikalen Obstakel ginn, wann ee sech muss bécke fir drun ze kommen, an esou seng Stabilitéit verléiert.
Eng Dusch ouni Rebord ass besser, wéi eng Bidden mat integréierter Dusch, an de Buedem sollt en Antirutsch hunn. Den Teppech ass och eng Stolperfal a ka ganz geféierlech ginn, wann en op engem glate rutschege Buedem läit."
Eng Serie vum Angie Maquil. An eiser Online Mediathéik http://www.100komma7.lu, fannt der den éischten Deel vun dësem Gespréich.