Generatiounen
De leschte Schlëff fir den Digibus
5 min
Wärend fënnef Méint mam Digibus duerch d'Gemengen:
Vu Mee 2022 u rullt en, den Digibus, eng Iddi, déi de GERO Kompetenzzenter fir den Alter an Optrag ginn huet. Et geet drëms de Senioren hei am Land eng Méiglechkeet ze gi fir sech digital weiderzebilden oder fir sech iwwer digital Méiglechkeeten ze informéieren.
E gratis Service fir d'Senioren.
Fir de bluddegen Ufänger bis bei dee schonn ganz äerdege Silver Surfer. Jiddwereen ass wëllkomm am Digibus, dee wéi gesot vu Mee 2022 u wäert ënnerwee sinn. Première ass de 4. Mee 2022 virun der Gemeng zu Hesper.
Eng Serie vum Angie Maquil