Generatiounen
Magazine geroAKTIV a KAART60+, Internetsite an Digibus
8 min
Ales an Neies fléisst wonnerbar aneneen:
D'Saison 21/22 vun der Rubrik Generatiounen an Zesummenaarbecht mam Gero Kompetenzzenter fir den Alter geet lues op en Enn. Mir maachen dofir hei e klengen Update vun den Eventer an Aktiounen, kucken zeréck an an d'Zukunft vum Gero. Invité beim Angie Maquil ass den Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.
Digibus /Toureplang:
15. Juni a 27. Juli vun 10.00 bis 16.00 zu Munneref virum Gemengenhaus
16. Juni an 18. August vun 10.00 bis 16.00 zu Klierf (Place du Marché)
29. Juni a 14. September vun 10.00 bis 16.00 zu Rouspert (Am Sauerpark)
30. Juni an 1. September vun 13.00 bis 18.00 zu Déifferdeng an der Foussgängerzon (Wochemaart)
15. Juli vu 15.00 bis 20.00 zu Mamer (Gemeng)
21. Juli, 25. August an 22. September, vun 8.00 bis 14.00 zu Diddeleng op der Place de l'Hôtel de Ville (Wochemaart)
8. August an 12. September vun 8.00 bis 12.00 zu Schëffleng (Gemengeplaz)
23. September vu 14.00 bis 19.00 zu Stroossen