Generatiounen
Villes ass einfach besser
8 min
Wäertschätzung an e bessere Personalschlëssel: De Fleegesystem zu Lëtzebuerg am Verglach mat Däitschland.
Déi däitsch Produktiounsfirma Kigali Films huet am Optrag vum Kultursender Arte eng Dokumentatioun gedréit iwwer de Lëtzebuerger Fleegesystem am Verglach mat Däitschland, a firwat esou vill Frontalieren aus Däitschland am Fleegeberäich op Lëtzebuerg schaffe kommen.
D'Suen, méi an der Pai, jo, dat ass en Argument, firwat ee sech decidéiere ka bei eis an d'Land schaffen ze kommen, awer net nëmmen. Virun allem Aarbechtskonditiounen, de Personalschlëssel, de System, wéi geschafft gëtt, wier einfach anescht, besser.
"An Däitschland leeft d'Fleegepersonal eis fort, a mir mussen op auslännesch Mataarbechter zeréckgräifen, an eis jonk ausgebilte Fachpersonal kënnt op Lëtzebuerg schaffen. Firwat ass dat esou?"
freet de Journalist a wéist d'Äntwerten an engem Reportage vun 30 Minutten am Hierscht op Arte. D'Angie Maquil huet am Virfeld mam Markus Harmann geschwat.