Generatiounen
E falscht Bild, e falsche Lien - 1/2
11 min
Schockant Biller an Aussoen aus Fleegeheemer am Ausland, weisen net d'Realitéit hei am Land.
An enger viregter Emissioun (2. Mee 2022) hu mer iwwer d'Sich no der richteg Plaz geschwat. Et goung ëm d'Liewen am Alters- oder Fleegeheem, hei am Land. Dës Kéier geet et ëm d'Ariichtunge selwer, ëm d'Bestëmmungen,Krittären an de Finanzement vun deenen Etablissementer. Wéi a vu wiem gi se geréiert, ginn et reegelméisseg Kontrollen asw.?
Et ass nach net sou ganz laang hier, datt mir schockant Berichter aus Alters- a Fleegeheemer am Ausland a Frankräich an och an Däitschland aus vereenzelten Heemer an de Medie liesen oder op der Tëlee gewise kruten. Et goung rieds iwwer schlëmm Mëssstänn, an datt d'Bewunner onmënschlech behandelt goufen.
"Mir kënnen net verstoen, datt esou eppes op esou eng laang Dauer net erkannt ginn ass."
No dëse Berichter hu sech och besuergte Bierger beim Gero Kompetenzzenter fir den Alter gemellt, fir ze froen, ob hei am Land och esou Fäll bekannt wieren a virun allem wollt ee wëssen, wéi een déi eeler Leit am Heem schütze kann. Vu wiem a wéi ginn déi Etablissementer kontrolléiert?
"Mir si gutt opgestallt hei am Land: Neie Gesetzesprojet - Kontroll Instanzen - Aarbechtskonditiounen - Eethik - Qualifikatioun vun den Employéen a Fortbildungen an eng ganz gutt Fleegeversécherung."
Invité ass den Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.
Eng Serie vum Angie Maquil