Generatiounen
Sécherheet an Autonomie doheem - 3/3
7 min
Autonom sinn am Alter a Sécherheet am Alter - Fir deem gerecht ze ginn, kann een net alles, awer esou munch Saache virbeugen.
Selbststännegkeet kann een an all Alter verléieren: Den Alain Brever, Direkter vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter erkläert hei nach emol, op wat een oppasse muss, op wéi eng Verännerungen a wéi ee virbeuge kann fir z. B. net ze falen oder fir sech net ze verletzen doheem a fir eben esou laang wéi méiglech am Alter autonom ze bleiwen. Et gi ganz vill verschidden Hëllefsmëttel fir den Alldag. Hei soll ee sech wierklech an engem Fachgeschäft berode loossen.
Och am aktuelle GERO Magasinn fannt Dir e ganzen Dossier zum Theema mat engem Interview mat der Pascale Kolb vun der Fleegeversécherung, ville Rotschléi an och Adressen, wou een Hëllef fënnt.
Eng Serie vum Angie Maquil. An eiser Online Mediathéik http://www.100komma7.lu, fannt der den éischten an zweeten Deel vun dësem Gespréich.