Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E14: Antonia Ganeto a Franziska Peschel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Victorian Sponge Cake

De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Victorian Sponge Cake

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dauer: 20 Minutten Zoubereedung & 45 Minutte Baken

Fir de Kuch brauche mir zweemol (fir jeeweils eng Bakform):


400 g Miel (z.B. Typ 55)
1 ¼ Kaffisläffel Bicarbonate de soude
250 g Zocker
115 ml Sonneblummen Ueleg
400 ml vegan Mëllech (z.B. Soja-, Mandel- oder Huewer Mëllech)
3 Zoppeläffelen Ahornsirop oder änleche Sirop
2 Kaffisläffele Vanill Extrakt
Ronn 150 g Äerdbieren


Fir d'Bottercrème brauche mir entweder:


Vegan Schlagsan


Oder:


200 g vegan Margarine (am beschten ouni Sonneblummen Ueleg)
180 g Pudderzocker
1 Zoppeläffel Vanill Extrakt


Zoubereedung:


De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen an zwou grouss Bakforme vu jeeweils 24 cm mat Bakpabeier beleeën a mat e bëssen Ueleg pinselen
An eng grouss Schossel d'Miel, de Bicarbonate de soude, an den Zocker vermëschen
An enger anerer Schossel den Ueleg, d'vegan Mëllech, de Sirop an de Vanill Extrakt vermëschen
Déi flësseg Mëschung an déi dréche Mëschung schëdden a gutt vermësche bis et crèmeg gëtt
Des Mëschung an eng Bakform schëdden, an dann den Deeg fir déi zweet Bakform op déi selwecht Manéier preparéieren
Déi zwee Kuche fir 35 bis 45 Minutte baken, bis um Zännstëppeler keen Deeg méi ass
Aus dem Schäffchen huelen, a fir ronn 20 Minutten an de Bakforme loossen
Déi zwee Kuchen dono op een Drot-Blech leeën a ganz ofkille loossen
An engem Mixer d'vegan Margarine, de Pudderzocker an de Vanill Extrakt vermëschen, an e bëssen am Frigo stoe loossen
Wann d'Kuche ganz ofgekillt sinn, d'Bottercrème op deen ee Kuch sträichen, den zweete Kuch dorop leeën, an dann nach eemol eng Schicht Crème dorop sträichen
Als Dekoratioun Äerdbier an d'Hallschent schneiden an op de Kuch uewen drop leeën
Eventuell nach Pistaschkären op de Kuch streeën

Politik a Gesellschaft

Episoden

Iwwer Bierg an Dall: Gänsegeier

Iwwer Bierg an Dall: Gänsegeier

Gyps fulvus: En Asfrësser ëmmer op der Sich no Narung
headphones

2 min

play_arrow

Virun 72 Joer: neie belsche Kinnek

De 17. Juni 1951 leet de Prënz Baudouin den Eed op déi belsch Verfassung of.
headphones

2 min

play_arrow
Generatiounen: Konferenz: Was kann "Mann" tun, um gesund zu bleiben

Generatiounen: Konferenz: Was kann "Mann" tun, um gesund zu bleiben

Eng Konferenz just fir Männer, et geet ëm d'Gesondheet an d'Wuelbefannen.
headphones

6 min

play_arrow
Veganen Tipp mam Marie: Räispabeier-Rulle gefëllt mat vill Geméis

Veganen Tipp mam Marie: Räispabeier-Rulle gefëllt mat vill Geméis

Knackeg a séier zoubereet - perfekt fir am Summer
headphones

2 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: Schwaarze Storch

Iwwer Bierg an Dall: Schwaarze Storch

Ciconia nigra: E scheie Gesell, ganz am Konträr zum Wäisse Storch. Hie brauch roueg Bëscher
headphones

0 min

38 Joer fir den Andy Schleck

38 Joer fir den Andy Schleck

Dee leschte Lëtzebuerger Tour de France Gewënner
headphones

3 min

play_arrow
Generatiounen: Repair Café zu Mäerzeg, de 14. Juni

Generatiounen: Repair Café zu Mäerzeg, de 14. Juni

"Reparieren ist die Königsdisziplin der Kreislaufwirtschaft", seet de "Reparateur" Michel Heftrig.
headphones

2 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Eisekuchen

De veganen Tipp mam Marie: Eisekuchen

Perfekt fir de Brunch um Weekend oder als Dessert
headphones

4 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: De wäisse Storch, Ciconia ciconia

Iwwer Bierg an Dall: De wäisse Storch, Ciconia ciconia

D'Symbol vum Naturschutz an e bréngt d'Puppelcher.
headphones

0 min

Haut ass Welt Vëlo Dag

Haut ass den 3. Juni, den 154. Dag vum Joer.
headphones

4 min

play_arrow
Opruff an Expo: Altersbiller an den Impakt op d'Liewen

Opruff an Expo: Altersbiller an den Impakt op d'Liewen

Opgedeelt an dräi Kategorien: d'Facette vum Alldag, d'Villfalt matten am Liewen, Héichten an Déiften
headphones

0 min

De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Victorian Sponge Cake

De veganen Tipp mam Marie: Äerdbier Victorian Sponge Cake

Ee fluffege Kuch perfekt fir de Summer.
headphones

4 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: Orpheussproochmates, Hipolais polyglotta

Iwwer Bierg an Dall: Orpheussproochmates, Hipolais polyglotta

E Supersänger, mat engem aussergewéinlech séiere Gesank
headphones

2 min

play_arrow

Viru 85 Joer stierft den Ernest Leclère

Lëtzebuerger Politiker an Affekot
headphones

2 min

play_arrow
Café-Philo: Roboteren als Hëllef am Gesondheetsberäich

Café-Philo: Roboteren als Hëllef am Gesondheetsberäich

An Asien si Roboteren an de Fleegeheemer schonn am Asaz.
headphones

2 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Schmant

De veganen Tipp mam Marie: Schmant

Lecker Zooss fir vill Rezepter
headphones

2 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: De Suppejäizert

Iwwer Bierg an Dall: De Suppejäizert

Den Acrocephalus palustris ass ee vun de leschten Zuchvullen, déi zeréckkommen.
headphones

2 min

play_arrow
Virun dräi Joer stierft de Jay Schiltz

Virun dräi Joer stierft de Jay Schiltz

Auteur, Kabarettist a Journalist
headphones

2 min

play_arrow
De veganen Tipp mam Marie: Bagels

De veganen Tipp mam Marie: Bagels

Dat bekannte Gebäck mat dem Lach an der Mëtt
headphones

3 min

play_arrow
Iwwer Bierg an Dall: Den Zonkmësch

Iwwer Bierg an Dall: Den Zonkmësch

Den Emberiza cirlus ass bei eis haaptsächlech an de Wéngerten unzetreffen.
headphones

2 min

play_arrow