Radioen

On air

Concert  |  Beethoven, der Europäer

play_arrow Live
arrow_back_ios

De veganen Tipp mam Marie

Mediathéik / De veganen Tipp mam Marie

/ Cannelloni mat veganem Spinat-Ricotta

Cannelloni mat veganem Spinat-Ricotta

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dauer: 20 Minutte Virbereedung a 40 Minutte baken

Fir 4 Portiounen

Fir d’Spinat-Ricotta-Fëllung brauche mir:

• 225 g Cashew-Nëss

• 120 ml Waasser

• Jus vun enger grousser Zitroun, oder 1 Zoppeläffel Äppelesseg

• 2 Zoppeläffelen Hief-Pudder

• 1 Zéif Knuewelek

• Salz & Peffer

• Ronn 50 g Spinat

Soss brauche mir:

• 16 bis 18 Cannelloni Nuddelen

• Ronn 600 ml Tomaten Zooss

Zoubereedung:

• Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen

• D’Cashew-Nëss an engem Dëppe Waasser fir ronn 10 Minutte kachen, fir datt se mëll ginn

• Déi mëll Cashew-Nëss an e Mixer ginn, an alles fir d’Ricotta-Fëllung zesumme mixen

• An enger rechteckeger Bakform d’Hallschent vun der Tomatenzooss verbreeden

• D’Cannelloni eng no där anerer mat der Spinat-Fëllung fëllen, an op d’Tomaten-Zooss dropleeën

• Zum Schluss de Rescht Tomaten-Zooss op d’Cannelloni leeën

• Fir ronn 40 Minutten bei 180 Grad Celsius am Schäffche baken

• Optional: no 20 Minutte baken e bësse vegane Kéis op d’Cannelloni ginn

• Optional: mat schwaarzem Peffer, Basilikum, an e bësse Chili Pudder dekoréieren


Pesto-Nuddele mat Pistasch-Zooss | © Marie Schockmel

Episoden

Madeleinen

Madeleinen

Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
headphones

4 min

play_arrow
Pesto mat Muertegréngs

Pesto mat Muertegréngs

Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
headphones

10 min

play_arrow
Äppeltaart Smoothie

Äppeltaart Smoothie

Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
headphones

3 min

play_arrow
Lasagne

Lasagne

E Klassiker, veganiséiert
headphones

5 min

play_arrow
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
headphones

2 min

play_arrow
Bouillon mat Pak Choi

Bouillon mat Pak Choi

Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
headphones

4 min

play_arrow
Carrot Cake Muffins

Carrot Cake Muffins

E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
headphones

3 min

play_arrow
Chai Latte

Chai Latte

En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
headphones

2 min

play_arrow
Brioche mat Schockelasstécker

Brioche mat Schockelasstécker

Perfekt fir d'Ouschterzäit
headphones

6 min

play_arrow
Hieselnoss Smoothie

Hieselnoss Smoothie

E gudde Smoothie fir en Energiekick!
headphones

1 min

play_arrow
Miso Zopp

Miso Zopp

Eng authentesch japanesch Zopp
headphones

6 min

play_arrow
Kniddelen

Kniddelen

Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
headphones

6 min

play_arrow
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait

Veganen Cheesecake Parfait

E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
headphones

4 min

play_arrow
Verwuerelter

Verwuerelter

Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss

Nuddele mat rouder Paprikazooss

Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
headphones

5 min

play_arrow
Vegan Carbonara

Vegan Carbonara

E Pasta-Klassiker, veganiséiert
headphones

7 min

play_arrow
Vegane French Toast

Vegane French Toast

Perfekt fir ee séisse Brunch!
headphones

4 min

play_arrow
Pizza

Pizza

En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
headphones

6 min

play_arrow
Pho Zopp

Pho Zopp

Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
headphones

7 min

play_arrow