De Summer ass do fir ofzeschalten, fir och Zäit ze hu fir Frënn, déi ee laang net gesinn huet, dorop freet sech d'Wënzerin, déi virun eelef Joer als Quereinsteigerin an de Famillje-Wënzerbetrib erageklomme ass, dobäi war hire beruffleche Wee ganz anescht orientéiert.
Vun der Konscht bei de Wäin.
Si huet zu Paräis, an der Stad vun der Léift, d'Passioun vum Wäin entdeckt. Iwwer Konscht, d'Ecole du Vin, den Hang zur Perfektioun an d'Relatioun mat den zwee méi jonke Bridder (Zwillingen, déi méi verschidden net kéinte sinn), verzielt d'Isabelle Gales an och iwwer d'Aarbecht am Summer am Wéngert.
Hiert Summer Wonschlidd: "Salut" vum Joe Dassin