Déi geléiert Coiffeuse, déi och fir Hondscoiffer geleiert huet an haut haaptberufflech am administrative Beräich schafft, huet d'Covid-Lookdown-Zäit genotzt, fir eng Ausbildung ze maachen als Ernärungsberodin fir Muppen a Kazen. D'Lisa Borgioni, plangt elo e Buch ze schreiwen, mat Rezepter fir Mënsch an Déier.
Iwwer de Summer ginn hir dräi Muppen: d'Bonny, de Georges an d'Zoey, verwinnt mat selwer gemaachte Glacen, an och soss gëtt gutt opgedëscht fir d'Muppen, doheem bei der Ernärungsberodin, déi frësch aus der Vakanz mat de Muppen aus Italien zeréck ass.
Hiert Summer Wonschlidd: "The Way" vum Dennis Lloyd
Eng Serie vum Angie Maquil