D'Sopranistin a Schauspillerin séngt lyresche Sopran an ass a ville wichtegen europäeschen Haiser fir den Theater an déi klassesch Musek opgetrueden.
D'Marie-Christiane Nishimwe huet laang Zäit zu Wien gewunnt. D'Bedierfnes no Rou huet si op Lëtzebuerg zeréck verschloen. Am Interview mam Tessy Steffen Koenig séngt d'Sopranistin live "Ombra mai fu" vum Georg Friedrich Händel a suergt fir Héngerhaut.
Hire Summerhit: "Bohemian Rhapsody" vu Queen