Et gouf Sonn getankt an d'Batterië goufen opgelueden, elo iwwer de Summer, deemno steet enger neier dynamescher Saison 2022-2023 näischt méi am Wee fir den neien Directeur artistique vun der Salle de Concert et de spectacle Artikus zu Zolwer, dee seet:
"Jazz-Musek aus Portugal vermëssen ech hei zu Lëtzebuerg".
Et ass déi éischt Saison fir de Manuel Ribeiro, déi hie mat ausgeschafft huet am Artikus. Iwwer déi Programmatioun, déi nei Erausfuerderung am Beruff an d'Vakanz mam Mupp am Campingcar verzielt eis dee fréiere radio 100,7-Mataarbechter. Dem Manuel Ribeiro seng Wuerzele leien a Portugal, e Land, dat hien och all Joer besicht. Fréier ass hie vill a gär duerch d'ganz Welt gereest, huet vill Kontinenter besicht an et genoss aner Iesskulturen ze entdecken. De Manuel Ribeiro ass e Gourmet duerch an duerch, awer selwer kache läit him net. Seng Liblingskichen: Italieenesch
Säi Summerwonschlidd:" Mon voisin sur la lune" vum Salvatore Adamo
Eng Serie vum Angie Maquil