Eng weider Quereinsteigerin, déi de Famillje-Wënzerbetrib iwwerholl huet. Hire beruffleche Wee war éischter Richtung Landschaftsarchitektur orientéiert, wou si hire Master gemaach huet. Dat, wat si do geléiert huet, hëlleft hir haut heiansdo am Wéngert, an deem si och Schof am Asaz huet. Iwwer alles dat verzielt si dem Angie Maquil.
D'Michèle Mannes freet sech elo richteg op d'Summervakanz, déi déi nächst Woch fir si ufänkt. Hire Summerwonschtitel: "Raus ausm Zoo" vun International Music