"Den Territoire vu menger Experimentatioun, dat ass Poesie", sot de Schrëftsteller Jean Portante kierzlech hei um radio 100,7 am Interview beim Valerija Berdi. Säin éischt Band mat senge Gedichter, déi hien tëschent 1986 an 2004 publizéiert huet, koum elo am Verlag La rumeur libre eraus.
"E volle Summer vu Villem": Am Gespréich hei kucke mir op seng nei Publikatioun, déi am November erauskënnt. Virun allem awer intresséiere mer eis fir Italien an d'Stad San Demetrio Corone, wou de Jean Portante, deen och zanter ville Joren radio 100,7 Mataarbechter ass, elo de 16. August zum Éierebierger ernannt gouf, an duerno huet hien eng kleng Vakanz drugehaangen, eppes wat de Schrëftsteller eigentlech net sou dacks mécht, Vakanz.
Säi Summerwonschlidd:" Piazza Grande" vum Lucio Dalla
Eng Serie vum Angie Maquil