D'Tanja Forette ass ausgebilt am Man- a Petttrailing, souwéi Trainerin a Grënnerin vun der ASBL Sichhënn.lu.: Op der Sich nom Mupp, dee fortgelaf ass, un Hand vum individuelle Geroch.
D'Tanja Forette an hir Muppen Argos a Loki kommen an den Asaz, wann engem säi Mupp z. B. no dräi Deeg nach net zeréckkomm ass. Ronderëm d'Tanja huet sech mëttlerweil eng Ekipp vun 12 Leit forméiert, déi eleng d'lescht Joer 95 Mol am Asaz waren, an de Prozentsaz vum Zeréckfannen ass praktesch genee esou grouss, mat enger Erfollegsquot vun 93 Prozent.
Iwwer d'Ausbildung vum Mënsch an dem Hond, déi iwwregens praktesch all Hond maache kann, iwwer déi grouss Freed, en Déier erëmzefannen, an iwwer d'Vakanz mat hirem Mann an den dräi Muppen Argos, Loki a Sally an der Roulotte, verzielt si eis.
Hiert Summerwonschlidd: "On Top of the World" vun Imagine Dragons
Eng Serie vum Angie Maquil