Blummen, liicht Rosa a Weiblechkeet sollen hire Kënschtlernumm "Rozeen", ausdrécken.
D'Zofia Branicka ass eng kleng reng Persoun, déi och esou zaart op der Bün steet, awer de ganze Raum fëllt mat hirer Stëmm an hirem Charisma.
Vun der Klassik bei Indie Pop a Souljazz: Déi jonk lëtzebuergesch Sängerin, mat polnesche Wuerzelen, huet hir éischt EP kierzlech opgeholl an huet sech op eng Summervakanz a Polen bei der Famill gefreet, mee de Coronavirus huet d'Pläng op d'Kopp geheit. Déi Rees hofft si elo nozehuelen. Iwwer alles dat verzielt si eis.
Hiert Summer Wonschlidd: "I Feel It Coming" vun The Weekend Feat. Daft Punk
Eng Serie vum Angie Maquil