No engem Studium an der Biologie moléculaire zu Montpellier, engem Doktorat zu Heidelberg an der Human Medezin, a Stagen am Ausland an de Relations Publiques, der Educatioun an am Journalismus, koum d'Corinne Kox, obwuel dat guer net geplangt war, zeréck op Lëtzebuerg. Si ass du bei de Staat an d'Fuerschung schaffe gaangen a fiert elo mam Trakter duerch de Wéngert, wann et muss sinn.
Eng weider Quereinsteigerin, déi op der Musel e Famillje-Wënzerbetrib iwwerholl huet.
D'Cheffin vun engem 12 Hektar groussen Domaine bréngt Dronen a Beem am Wéngert an den Asaz a fiert déi nächst Woch an d'Vakanz. Iwwer alles dat verzielt si eis.
Hiert Summerwonschlidd: "Hold On" vun der Fenne Lily
Eng Serie vum Angie Maquil