Den 29 järege geléierte Schoulmeeschter Rapaël Betti huet sech qualifizéiert an der Kategorie Mixology fir de Benelux. An e puer Deeg flitt hien an Australien fir un der Cocktail-Weltmeeschterschaft deelzehuelen. An der Wallis sinn net nëmme méi Kleeder, well hien nach eng Vakanz drun hänkt, mee och lokal Produiten, mat deenen hien op der Plaz wäert mixen, fir Lëtzebuerg och aus deem Wénkel ze beliichten. Den Hobbykach, dee Famill a Frënn ëmmer nees gäre mat vegane Menüen iwwerrascht, hält et, wat säi Liblings-Cocktail elo iwwer de Summer ugeet, zimmlech simpel: "Margarita ouni vill Schnick Schnack".
Säi Summerwonschlidd: "Augenbling" vu Seeed
Eng Serie vum Angie Maquil