D'Jana Kaulmann ass op där enger Säit Kënschtlerin an op där anerer Säit Aktivistin. Dat kënnt séier zum Ausdrock, wann ee mat där 26 Joer jonker Studentin am Master Kommunikatiounsdesign schwätzt.
"A menger Konscht geet et mir drëms déi mënschlech Expressioun an Erfarung duerzestellen".
D'Kënschtlerin wëllt sech iwwer hir Konscht matdeelen, wëllt opmierksam maachen op d'Problemer an der Welt, a wëllt d'Leit zum Nodenke bréngen.
Konscht notzen fir aktivistesch Zwecker.
Ganz besonnesch sozial politesch Theemen an Ëmwelt- a Klima-Sujete sinn hir wichteg. Déi engagéiert, kreativ, fräidenkend a sensibel Kënschtlerin, huet d'Summervakanz genotzt fir ze surfen a fir Yoga ze maachen, an deemnächst geet et nach an d'Ardèche.
Hiert Summerwonschlid: "Right Down The Line", vum Gerry Rafferty
Eng Serie vum Angie Maquil