Wéi seng Aarbecht am Centre des Arts Pluries 2014 ugefaangen huet, war dat en absolutten "Horizont Öffner" fir de Carl Adalsteinson. Et war Neiland, esou vill Diversitéit beieneen, déi him "total de Bléck opgemaach huet, et war eng grouss Beräicherung".
Mat Uspanung, awer virun allem mat immens vill Freed kuckt de Carl Adalsteinson op déi nei Saison (2022-2023). E Programm dee ganz villsäiteg ass. D'Kultur ass säin Alldag, nieft der Famill, "déi äert mech", seet den Direkter vum Centre des Arts Pluriels, deem seng Wuerzelen an Island sinn, do wou hien och dëst Joer an der Vakanz war. De Papp vu véier Kanner huet eng Liewensdevise: "Ëmmer locker bleiwen".
Säi Summerwonschlidd: "Utopia" vun der Sängerin Björk
Eng Serie vum Angie Maquil