Zanter 2008 ass den Invité Spriecher bei der Unicef Lëtzebuerg. Seng Aarbecht ass fir hien a seng Ekipp net ëmmer einfach. Eng flaach Hierarchie, an eng oppe Kultur mat Passioun sinn him hei wichteg. An och am Private geet fir hien näischt ouni Passioun.
Dee jonke Familljepapp bedauert net méi esou vill Zäit ze hu fir Sport ze maachen. Wann et awer méiglech ass, geet hie lafen.
"Beim Lafen ass ee mat sech eleng, dat ass eng Erausfuerderung fir Zäit mat sech selwer ze verbréngen, eppes wat ze kuerz kënnt an dëser Zäit."
Fir d'Batterien opzeluede war de Paul Heber dës Summervakanz an d'Bretagne.
Säi Summer Wonschlidd: "Cold Heart (Pnau Remix)" vun Elton John & Dua Lipa
Eng Serie vum Angie Maquil