De Lëtzebuerger Museker zitt et an der Summervakanz bei d'Famill an Italien. Um Programm steet: sech rechargéieren, liesen a schreiwen.
D'Marlène Clement huet mam Sänger iwwer seng aktuell Projeten geschwat, seng Summerpläng, an de CHAiLD, huet och säi perséinlecht Wonschlidd fir de Summer matbruecht.
Den Adriano Lopes Da Silva, wéi hie mam richtegen Numm heescht, huet am Alter vu siwe Joer ugefaange Piano ze spillen. E puer Joer méi spéit huet hie seng eege Lidder geschriwwen an ass haut erfollegräich mat sengem Solo-Projet CHAiLD ënnerwee.
Säi Summer Wonschlidd: "Non ti scordar mai di me" vum Giusy Ferreri