Vakanz bedeit jo näischt maachen. Dat fënnt de Lëtzebuerger Filmregisseur an Dréibuchauteur fuerchtbar. Hien ass definitiv kee Vakanzemënsch, muss zwar elo iwwer de Summer mat op kleng Excursiounen, déi seng Fra mat de Kanner organiséiert huet. Et geet op London, an Éisträich an op Zürech, mee am léifste géif de Mann, deen ni ouni seng Kap aus dem Haus geet, och elo iwwer de Summer normal weiderschaffen, mee dat ass schwiereg, well Jiddwereen an der Vakanz ass. Deemno muss och den Andy Bausch eng "Zwangspaus" aleeën.
Iwwer de Summer-Blues, de Little Duke a grouss Gefiller huet d'Angie Maquil sech mam Andy Bausch ënnerhalen, op enger Terrass op der Stater Gare ënner dem Eiffeltuerm.
Säi Summer Wonschlidd: "Summertime Blues" vu The Who